background background

Réiserbann

Dan Michels

  • Membre de la commission du climat, de l'environnement et de la transition écologique
  • 48 Joer, Krautem
  • Beruff : Attaché parlementaire fir déi gréng Deputéiert an der Chamber, Gemengerot zu Réiser, Journalismus a Sciences politiques Studium.
  • Famill : 3 Kanner

Meng Passiounen an Interesse:

Schon als Schüler fir de Schutz vun eisem Planéit mat all sengen Déieren a Planzen an Ëmweltschutzorganisatiounen aktiv, motivéiert mech dëst Ziel - fir eis an all déi Generatiounen dono - och nach Haut. Zanter 2002 schaffen ech fir déi gréng Deputéiert a sinn ab 2012 zu Réiser aktiv (Ëmwelt- & Schoulkommissioun, Klimateam). Dank Iech konnt ech ab 2017 och am Gemengerot op méi Efforten beim Ëmwelt-, Klima- an Naturschutz, a bei der Mobilitéit drängen. Aktiv am Komitee vu Solidaresch Hëllef Réiserbann, am Aktiounkomitee géint Atomkraaft, a sëtzen als ee vun 3 lëtz. Vertrieder an der Informatiounskommisioun vum AKW Cattenom.

Ech wëll eng Gemeng déi:

Ech setze mech a fir eng Gemeng déi och fir eis Kanner an Enkelkanner nach liewenswäert ass, wou een net muss fäerte fir mam Vëlo bis bei d’Schoul oder de Bäcker ze fueren, wou d’Leit, egal op Jonk oder Al, flott Méiglechkeeten hu fir sech op ëffentleche Platzen ze begéinen, wou d’Veräiner an d’Engagement vun de Biergerinnen a Bierger net nëmme geschätzt, mee aktiv gefërdert ginn, wou kulturell eppes leeft, a wou d’Gemeng all de Jonken fir hiren 18. Gebuertsdag en Interrail-Ticket schenkt !