background background

Réiserbann

Eis gréng Kandidatelëscht fir d’Gemengewale vum 11. Juni

De Mëtten hu mir d’gréng Kandidatelëscht fir d’Gemengewale vum 11. Juni op der Gemeng deposéiert. Eis interessant a motivéiert Equipe aus 6 Fraen an 7 Männer schafft momentan intensiv um lokale Walprogramm a preparéiert d’Aktivitéite vun der Walcampagne déi „offiziell“ réischt den 13. Mee mam Opstelle vun de Pannoe lass geet. 

Op dësem Wee e grousse MERCI un all déi bedeelegt Kandidaten a Membere fir hiert perséinlecht a gesellschaftlecht Engagement, dat et erméiglecht de Réiser Biergerinnen a Bierger och fir d’Gemengewalen 2023 nees eng gréng Walalternativ ze bidden !

1. BRIX Nadine
Conseillère communale
54 ans, LU
Professeur-Architecte
Roeser
8. MARCUSSEN ERÉZUÉ Ane
54 ans, DK
Auteure-Illustratrice
Roeser
2. MICHELS Dan
Conseiller communal
48 ans, LU
Attaché parlementaire
Crauthem
9. MARINELLI Vito
46 ans, LU
Comptable-fiscaliste
Roeser
3. BÜCHEL David
44 ans, LU
Conseiller de direction
Roeser
10. RUDBACH Martin
56 ans, LU
Chauffeur de bus
Peppange
4. GAASCH Emilie
19 ans, LU
Étudiante
Roeser
11. SPIELMANN Thiemo
39 ans, LU
Professeur de physique
Berchem
5. KIEFFER Georges
40 ans, LU
Agent administratif
Roeser
12. WAGNER-FONCK Tanja
38 ans, LU
Opticienne
Bivange
6. KORNERUP Kristin
41 ans, LU & IT
Coach Santé
Peppange
13. WEBER Sascha
47 ans, LU
Chargé de direction
Roeser
7. LUKIC Branka
43 ans, LU
Employée de bureau-Comptable
Crauthem

E puer Zuelen zu der Lëscht:
Op eiser Lëscht sti 6 Fraen a 7 Männer mat un der Spëtzt den aktuelle Gemengeconseilleren Nadine BRIX an Dan MICHELS. D’Kandidatinnen an d’Kandidate sinn tëscht 19 a 56 Joer al, d’ Altersmoyenne läit bei 43,77 Joer.

7 Persoune stellen hir Kandidatur fir d’éischte Kéier, 5 fir zweete Kéier an eng Persoun fir d’drëtte Kéier.

11 Kandidatinnen a Kandidaten hunn d’lëtzebuergesch Nationalitéit, eng Persoun huet d’duebel Nationalitéit (lëtzebuergesch-italieenesch) an eng Persoun huet déi dänesch Nationalitéit.

7 Persoune schaffen am Privatsecteur, 3 Persounen am ëffentlechen Secteur, 2 Kandidaten sinn Independanten an déi jéngste Kandidatin ass Schülerin (op Première).