background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 25. Mäerz 2024

1.01 Mir begréissen, dat am Hierscht d’Aarbechte fir en 3,5 m breede Foussgänger- a Vëloswee laanscht den CR186 tëschent dem Haus vun der Natur ob der Kockelscheier an dem Fussstadion ufänke sollen. Nodeems de neien Ëmweltminister dëse Projet ufänglech wollt stoppen, huet hien no den ausféierleche Berichter an der Press elo awer säin Accord ginn. Et ass natierlech Schued wa fir de Wee Beem laanscht d’Strooss gehae ginn, mee fir eis iwwerweie bei dësem Projet d’Notzen: D’Ubannung vu Bierchem, Béiweng, Kockelscheier an dem Parc Luxite un d’Bus- an Tramsstatioun Stadion mécht den ëffentlechen Transport an d’douce Mobilitéit méi attraktiv! Esou gëtt den CO2 Ausstouss, de Kaméidi, de Stau an de Stepps reduzéiert, wat de Kockelscheier Leit an der Natur zegutt kënnt!

4.01 Hei hu mir de Plang fir e Chemin mixte tëschen der Groussgaass zu Réiser an der rue de l’Alzette (hannert dem Pompjees Gebai) matgestëmmt. Dëse Wee ass awer just e klengen Deel vun engem zesummenhängende Konzept fir d’douce Mobilitéit, dat leider nach net emmer feelt ! Vir eng Verbindung Richtung Bierchem a Beiweng ze kréien, hu mir em Schäfferot d’Propose gemaach, en Holzsteg laanscht d’Uelzecht ze plangen an un de besteeënde Chemin mixte unzeschléissen.

Beim Punkt 4.02 hu mir d’Installatioun vu versenkbaren Bornen zu Krautem an der rue Alexander Schintgen matgestëmmt. Ewéi bei sëllege Schoulen, huet den Individualverkéier och hei zu Stousszäite rasant zougeholl. Déi hektesch a gestresste Verkéiersatmosphär setzt kleng a grouss Foussgänger, Vëlosfuerer oder déi mat Trottinetten enger grousser Gefor aus. Nodem de Pedibus ausgebaut an méi attraktiv gemaach gouf, ass et an der Regel net noutwenneg d‘Kanner mam Auto an d’Schoul ze féieren, ausser fir aussergewéinlech Ursaachen. Mir fuerderen de Schäfferot och an der Ëmgéigend vum Schoulcampus Bierchem op d’Sécherheet vun de schwächste Stroossebenotzer ze verbesseren !

Beim Punkt 4.03 hu mir dem zousätzlechen Devis fir d’Renovatioun vun de Kierchefënstere vu Peppeng zougestëmmt. D’Kierch déi desakraliséiert ass, ass en Zäitzeien aus der Mëtt vum 19te Joerhonnert a gehéiert zum Patrimoine vun onser Gemeng.

Beim Punkt vun de Personalfroe war erëm e grousse Wiessel am Service d’éducation et d’accueil festzestellen. Bei de mëndleche Froen hu mir ënnert anerem nogefrot ob fir d’Schouljoer 2024/25 d’Betreiung vu Precoce Kanner an der Maison relais ofgedeckt ass. Leider wäert dat warscheinlech aus Personalmangel net méiglech sinn.

Och dëst Joer gouf an onser Gemeng erëm un der flotter Traditioun vum Buergbrenne festgehalen. Dëst Evenement zielt zum Lëtzebuerger Patrimoine culturel an ass e joviale Moment fir jiddereen. Dat ass wichteg an héich ze halen! Mir haten 2 Buergbrennen, de 17. an 18.Mäerz, also just 2 Deeg virum lëtzebuerger OverShoot Day (= deen Dag wou Lëtzebuerg seng natierlech Ressourcë fir 2024 schonn iwwerschratt huet). Mir hunn de Buergermeeschter gefrot ob hien d’Veräiner kéint motivéieren ee gemeinsaamt Buergbrennen ze organiséieren, dëst am Sënn vum Klimaschutz an dem Vermeide vu Konkurrenz tëscht de Veräiner.

De 6.10.23 hunn déi gréng vehement géint e Projet gestemmt bei deem en Terrain mat Hecken a Beem ob der Säit vum neie Schoulcampus zu Bierchem, mat 70 Parkplaze verbaut soll gi. Den Entrepreneur huet elo säi Chantier geraumt an et ass doduerch vill frei Platz entstanen. Déi gréng haten an der Budgetsried proposéiert dës Fläch fir Parkplazen ze notzen, an de Buergermeeschter huet sech an dësem Gemengerot bei de mëndleche Froen oppe gewise fir dat elo an d’Aen ze faassen! Mir si frou iwwert dës Asiicht vum Schäfferot a fillen ons an onser Oppositiounsaarbecht wouergeholl!