Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 6. Mee 2024
1.02 Virukuerzem huet d’Administration de l’Environnement déi aktuell Cartographie stratégique du bruit iwwert de Kaméidi verëffentlecht. Dozou hunn déi gréng dem Schäfferot schrëftlech Froen a Bezuch zu onser Gemeng gestallt. De Schäfferot huet versprach am nächste Gemengerot dorop ze äntweren.
1.03 Besonnesch interessant war dës Kéier de Joresrapport vum Pacte climat a vum Pacte Natur. Mir begréissen, dat mir am Gemengerot 1x am Joer e Bilan an dem Kader presentéiert kréien. Der Majoritéit hier Indikatore fir KlimaschutzMoossnamen ze moossen, hu mir gréng schonn an der Seance vum 23/9/23 am Gemengerot als net ausräichend bemängelt. Elo, ee Joer drop, feelen ons nach emmer usprochsvoll Neierungen! Hei just e puer vun onsen Iwwerleeungen:
-Beim Projet Bierchemer Schoul ass et aktuell guer net méi akzeptabel, datt op engem neie Gebai, manner ewéi 20% vun der Daachfläch fir PV genotzt gëtt. Dës weideren huet de Veloënnerstand am Projet kee sëcheren Accès fir gutt mam Vëlo bei d’Schoul ze kommen!
-D’Zone 30 an der “rue de Bettembourg” souwéi den neien Amenagement vun der “rue des chemins de fer” sinn net vëlofrëndlech an eng Foussgängerverbindung ass och näischt Neies, well et kennt ee schonn elo gutt vun der “rue de Bettembourg” an d’ “rue de chemin de fer”.
-Zum Punkt “travail de sensibilisation” feelt eng extern Analyse zur Effikassitéit vun dëse Mesuren! Et geet eiser Meenung no net duer e puer mol am Joer e Flyer ze verdeelen. Et si méi konkret Mesuren erfuerderlech!
-Beim“Réseau de pistes cyclables” gesi mir esouvill Versäumnisser, dat mir ons net virstelle kënnen, wéi d’Gemeng deemnächst e Score vu 50% erreeche soll!!! Generell ass bei der “Promotion de la mobilité durable” vill Loft no uewen. Et wier méi wichteg d’Mobilité douce, zouverlässeg Foussweeër, sécher a kuerz Vëlosstrecken an e gutt ugebonnenen ëffentlechen Transport fir d’Réiserbänner ze garantéieren, amplaz weider nei Parkplazen ze bauen an domat den Autosverkéier ze prioriséieren.
Zesumme gefaasst,huet sech eraus gestallt, datt et fir Réiser am leschte Joer méi schwéier ewéi geduecht war ob den nächste Level ze kommen. Dobäi hunn ons Nopeschgemenge Beetebuerg an Diddeleng d’Klima-Gold-Zertifikatioun vu 75% schonn etlech Joren erreecht! A ville Beräicher läit ons Gemeng aktuell nach ënner 50%. Och am Naturpakt louch Réiser am Januar 2023 eréischt bei 28,4% obwuel d’Ziel 40% war. Fir 2024 sollen elo 50%, also Bronze-Zertifikatioun,erreecht ginn. Obwuel d’Dynamik an d’Motivatioun vum Klimateam an der neier externer Klimaberoderin villverspriechend sinn, bleiwen déi gréng skeptesch, dat déi optimistesch Zieler vum Schäfferot esou “einfach” a schnell ëmgesat kënne ginn ewéi si soen! Mir géifen et ob jidder Fall begréissen an eis och dofir asetzen.
Beim Punkt 2.03 Zone prioritaire d’habitation Hierschterbierg gouf de plan directeur vum Gemengerot matgestëmmt. Heibäi geet et em d’Modalitéite fir d‘Ëmsetzung. Esougëtt z.B. e Concours ob Basis vum Masterplang organiséiert a Biergerbedeelegung am Laf vum Projet gefërdert. D’ “Société d’habitation à bon marché” pilotéiert a koordinéiert alles. Esouwäit, kënne mir dat ënnerstëtzen, allerdéngs géifen déi gréng gären déi lescht Versioun vum Masterplang gesinn a mir hoffen dat de Gemengerot an all d’Bierger geschwënn vum Schäfferot ob deleschte Stand gesat ginn.
2.11. Mir felicitéieren dem Buergermeeschter fir säi gudden a gënschtege Kaf vun engem grousse fréiere Bauerenhaff vis-à-vis vun der Meckenheck zu Bierchem. Dëst Gebai deem ee vill Funktiounen zouuerdne kann, vergréissert d’Gemengekapital an ass e charakteristescht Gebai dat de ruralen Duerfbildcharakter erhällt an soll och dofir an ëffentlecher Hand bleiwen.
8.01. Als mëndlech Froen hu mir de Schäfferot ënnert anerem nees eng Kéier ob déi vill Problemer déi duerch d’Aarbechten um Zuchreseau an duerch de Bau vun der neier Bréck zu Beetebuerg entstinn, ugeschwat. Am Moment triede vill iergerlech Verspéidunge bei der Eisebunn ob, an am Summer fiert iwwert 2 Méint guer keen Zuch! Dowéinst hunn déi gréng de Schäfferot gefrot de Leit alternativ Navetten ob d’cloche d’or unzebidden, wou si dann den Uschloss mam Tram kréien. Aus de selwechte Grënn hunn déi gréng proposéiert d’ Vëlosweeër Richtung neie Fussballstadion a Staat Lëtzebuerg auszebesseren, auszeschëlderen an am Buet ze publizéieren. De Buergermeeschter huet geäntwert, datt et net un onser Gemeng ass d’Hausaufgab vun der CFL ze maachen an datt et schwéier gëtt eng global Léisung unzebidden, déi jiddereen zefridde géif stellen. déi gréng Réiserbann hunn d’Gefill, dat de Schäfferot sech hei aus der Verantwortung zitt an d’Bierger am Ree stoe léist! Mir, déi gréng, fanne genau dat net richteg! Dowéinst bleiwe mir och bei dëser Thematik um Ball an huele Kontakt mat der CFL an dem Transportminister ob, fir dat si Léisunge ubidden! Kuckt heizou onsen Instagramm déi gréng Réiserbann.