Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 3. Juni 2024
2.01 Mir déi gréng hunn d’”Charte de la Diversité” am Gemengerot mat gestëmmt. An dëser Charte geet et dorëms e legale Kader fir d’Sensibilisatioun, d’Akzeptanz a d’Gläichberechtegung vu jeglecher Diversifikatioun beim Gemengepersonal zeschafen.Ob déi Aart a Weis ass d’Administratioun vun der Gemeng e Virbild fir Privatbetriber, Associatiounen a fir d’Gesellschaft am allgemengen. Grad an Zäiten wou Europa e politesche Rietsruck erlieft ass et en Zeeche vun enger gesonder, staarker a moderner Gesellschaft wann se Diskriminéierung ofleent an Diversitéit a Pluralismus akzeptéiert. Dofir stinn déi gréng!
2.11 D’Gemeng huet no beim Herschesfeld e Stéck Bësch kaf. Duerch de Klimawandel ass et wichteg ginn, datt d’ëffentlech Hand Geleeënheeten notzt, fir Zougrëff ob esou wäertvoll Terrainen ze hunn. déi gréng kennen esou Initiativen nëmmen ënnerstëtze. Mir dëse Punkt matgestëmmt, well dat Stéck Natur esou besser geschützt ka ginn.
Bei de Punkten 3.01, 3.02 an 3.03 ass et em Modifikatioune vu PAPe gaangen.Déi entspriechend Bautereglementer sinn zum Deel ofgeännert an ugepasst ginn. An engem Fall goufen déi selwecht Konditioune geschaf ewéi se fir d’Nopesch Grondstécker bestinn. Ob enger anerer Platz ass et duerch d’Ännerung elo och méiglech do Soziale Wunnengsbau ze autoriséieren. Bei der drëtter Situatioun war keng Partie écrite mat klore Baureegelen do, dëst ass elo de Fall. Well all dës Modifikatioune fir déi gréng néideg sinn, hu mir d’Upassunge vun dëse Bautereglementer matgestëmmt.
4.01 De Schäfferot an d’Bauingenieurin vun der Gemeng hunn sech Zäit geholl, dem Gemengerot de Projet vun der Erneierung vun de Stroossen vum Peppenger Duerfkär ze erklären. Duerch dëse Projet gi verschidde Stroossen zum Deel duerchgréngt, wat ënner anerem wichteg ass fir Schiet am ëffentleche Raum ze kréien a CO2 ofzebauen. Fir ëffentlech Platze méi convivial ze gestalte, gëtt nieft klenge Gréngflächen och eng Verweilplaatz mat engem Sprangbuer ugebueden. Hei hunn déi gréng proposéiert Beplanzunge ronderëm dës Platz anzeplangen, wat positiv opgeholl gouf. D’Reewaasser soll zum Deel opgefaangen an an engem ënnerierdesche Becken gesammelt ginn fir domat Beem a Planzen ze nätzen. D’Geschwindegkeetsbegrenzungen ob 20er an 30er Zonen an de Bau vun anstännegen Trottoiren déi déi besteeënd Grief ersetzen sollen, ass schonn aleng aus Sécherheetsgrënn laang noutwenneg gewiescht! Och ass virgesinn fir op der ganzer Längt vun der rue des Ponts zu Peppeng eng Zone 30 anzeféieren. Op dëser Plaz geet de nationale Vëloswee vun Helleng op Beetebuerg (PC6) am Traffic Mixte iwwert d’Strooss. Eng Zone 30 géing par Rapport zu haut eng Verbesserung duerstelle mee ass leider wéinst dem villen Traffik op där Plaz keng Vëlosfrëndlech Léisung. Hei misst de Schäfferot Léisungen an d’Ae faasse fir zu Stousszäiten den Traffik ze limitéieren an duerch baulech Moossname sécherstellen, datt d’Vitesslimitatioun agehal gëtt. Positiv ze vermierken ass, dass endlech en Trennsystem vu Reen- a Schmotzwaasser installéiert gëtt an domat och d’Kläranlag entlaascht ka ginn. Allgemeng setzt dëse Projet vill gréng Iddien ëm. Et ass eng Opwäertung vum Duerfkär an an onsen Aen eng sënnvoll Moossnam fir d’Liewensqualitéit vun de Peppenger Awunner ze steigeren.
Am Kader vun der Schoulorganisatioun 2024-2025 an dem Plan de développement scolaire 2024-2027 (5.01 a 5.02) huet den Här Buergermeeschter als zousätzlech Informatioun matgedeelt, datt mam Bau vun enger Annexe vum Schoulcampus Bierchem ze rechnen ass. D’Schoul vu Krautem kann endlech 2026 renovéiert ginn, soumat mussen all d’Kanner aus dem Réiserbann op Bierchem an d’Schoul goen. Zousätzlech muss mat engem allgemenge groussen Zouwuess vu Schoulkanner an deenen nächste Joren gerechnet ginn. Leider ass den neie Schoulcampus zu Bierchem dann elo awer net grouss genuch fir dës Kapazitéiten opzehuelen. déi gréng, si erstaunt iwwert dës Nouvelle, well an der Zäit, wou de Schoulcampus Bierchem dem deemoolege Gemengerot virgestallt gouf, war dat e wichtegt Argument fir d’Envergure vum Projet ze rechtfäerdegen. Fir déi gréng ass dëst en Ageständnis vun enger Fehlplanung, well no nach net emol engem Joer no der Aweiung vum Komplex eng Annex erfuerderlech ass.