Problemer am Zesummenhang mam Ersatzbus no der Spärung vun der Eisebunnsstreck tëscht Beetebuerg a Lëtzebuerg
Déi gréng Réiserbann krute rezent vu Bierger, déi vum Problem vun der Spärung vun der Eisebunnslinn tëscht Beetebuerg a Lëtzebuerg iwwert d’Summerméint betraff sinn, kritesch Bemierkungen iwwert d’Léisung vun der Ersatzbuslinn wärend den Aarbechten. Fir dëse Bedenken nozegoen, hu mir e puer schrëftlech Froen un de Schäfferot gestallt.
D’Kritiken betreffen ënner anerem de Mangel un engem direkten Accès vu Bierchem op den Houwald. Normalerweis dauert d’Zuchrees tëscht der Bierchemer Gare an der Houwalder Gare ronn 7 Minutten. Mam Ersatzbus dauert déi selwecht Rees ronn 25 Minutten, déi ee Passage duerch Hesper a Bouneweg erfuerdert, ier et duerno mam Tram op den Houwald ka weider goen.
Trotz dësen Nodeeler huet de Schäfferot op eis Nofroen hin seng Zefriddenheet/Satisfaktioun mat der Léisung, déi d’CFL proposéiert huet, sou datt keng Ännerung néideg wier. Dës Situatioun bréngt awer e bedeitenden Zäitverloscht fir déi Leit déi op d’Aarbecht pendelen: eng zousätzlech 18 Minutte pro Rees, oder 36 Minutte pro Dag an 3 Stonnen d’Woch op Basis vu fënnef Aarbechtsdeeg.
De Schäfferot geet dovun aus, datt de Trafic tëscht der Gemeng Réiser an der Haaptstad am Summer reduzéiert gëtt. D’Onzefriddenheet mat dësem Ersatzdéngscht kéint awer vill Benotzer vum ëffentlechen Transport dozou dreiwen, op den Auto zeréck ze gräifen, sou datt sech d’Stausituatioun a Richtung Stad Lëtzebuerg eben net entspaant.
Déi gréng Réiserbann bedaueren, dass d’Gemeng d’Geleeënheet net genotzt huet, bei der CFL ze intervenéieren, fir eng besser Léisung fir eis Awunner ze kréien, besonnesch fir déi, déi fir hir Deplacementer op d’Aarbecht vum ëffentlechen Transport ofhängeg sinn. Donieft muss ee feststellen, datt déi Frequenz vu 4 Uschlëss pro Stonn, déi et fréier vun der Bierchemer Gare gouf, weder vum Ersatzbus nach dem üblechen Eisebunnsdéngscht erreecht gëtt, trotz enger Erhéijung vun der Unzuel vun de Benotzer zu Bierchem.