Ëmfro iwwert d’Aarbechtsbedingunge vum sozio-edukative Personal
Mat de Schoulvakanzen déi vierun der Dier stinn a wëssend, datt et aus Grënn vu Personalmangel net méiglech ass, an eiser Gemeng eng lückenlos Kannerbetreiung ze garantéieren, hunn déi gréng Réiserbann dem Schäfferot eng Fro zu dësem Thema agereecht. Dëst mam Zil, eng anonym Ëmfro ënner dem Personal vun de Structures de l’Education et de Réception (SEA) ze maachen, fir d’Attraktivitéit vun der Aarbecht fir d’Personal ze förderen an de Problem vum Personalmangel unzegoen.
De Schäfferot ass averstanen, mëttelfristeg eng Ëmfro beim Personal an den Elteren ze maachen, ier se konkret Aktioune virschloen. Trotzdem plädéieren sie awer weider fier den aktuelle Prinzip vum Congé collectif an dofir en faveur vun enger fixer Period am August wou d’Maison relais zou mécht. Dobäi drécken sie hir Iwwerzeegungen aus, datt d’Eltere sech während dëser Period fir d’Wuelbefanne vun hire Kanner sollen arrangéieren fier Congé huelen. Dëse feste kollektive Congé vun 3 Wochen géing d’Aarbechtskonditiounen an eise SEA méi attraktiv maachen wéi déi an anere Gemengen.
Als Alternativ zu dem Congé collectif vun dräi Wochen am August, wëllen déi gréng Réiserbann allerdéngs léiwer d’sozio-edukativt Personal anonym zu dësem Thema zu Wuert komme loossen, ier mir eis en definitiivt Urteel maachen.
Wat d’Obligatioun fir d’Eltere betrëfft en imposéierte Congé vun 3 Wochen am August ze huelen wëll eis SEA zoumachen, wëllen déi gréng Réiserbann dorun erënneren, datt déi aktuell Aarbechtswelt ganz divers ass an datt verschidde Salariéen am August keng Vakanz maache kënnen. Ausserdeem gi vill Eltere léiwer ausserhalb vun der Héichpériod an d’Vakanz, aus wirtschaftleche Grënn an awer och fir méi Flexibilitéit kënnen ze hunn.
Et ass och falsch ze soen datt dës Elteren net am Interesse vun hire Kanner handelen. Fir d’Wuelbefannen vun de Kanner ze förderen, kéint een driwer nodenken, eng Minimalperiod anzeféieren déi am Laf vum Joer muss geholl ginn, mee vun den Eltere flexibel festgeluet ka ginn, fir Zäit mat hire Kanner ze verbréngen a fier Flexibilitéit jee no der Famillsituatioun ze garantéieren.
D’August-Vakanz, d’Ëffnungszäiten vum SEA an d’Wuelbefannen vum sozio-pädagogesche Personal si Schlësselthemen fir déi gréng Réiserbann am Hibléck op d’Verbesserung vum Gläichgewiicht tëscht dem Beruffs- a Privatliewen vun den Elteren engersäits an dem sozio-edukative Personal op der anerer Säit.