background background

Réiserbann

Gemengerotssëtzung 15 Juli 2024, Stellungnam déi gréng Réiserbann

déi gréng Réiserbann hate fir dëse Gemengerot 4 schrëftlech Froen zu wichtege Kärthemen, wéi ënner anerem Ëmweltschutz, Mobilitéit an Sozialpolitik mat op den Ordre de Jour gesat. D’Problematiken déi mir ugeschwat hunn, si vu brisanter Aktualitéit a konnten am Interessi vun de Réiserbänner net nach bis den Hierscht waarden. Vun onser Säit dowéinst e wäertschätzende Merci un d’Administratioun, déi vill recherchéiert huet fir dem Schäfferot bei den Äntwerten ze hëllefen!

Froe vun déi gréng zur nationaler Kartographie iwwert de Kaméidi:

Ons Froen hunn dorop ofgezilt ze kucken, datt nieft de bestoenden Moossunge laanscht d’ Autobunn A 3 an d’Zuchstreck och Moossunge laanscht ons Haaptstroossen an der Gemeng gemaach ginn. Ausserdeem wëlle mir, datt konkret Mesurë wéi Subside fir Akustikverbesserungen bei Privathaiser, Verkéiersberouegungen a méi Begréngung gemaach ginn. Kaméidi a Fäinstepps deen duerch motoriséierte Verkéier entsteet, mindert d’Liewensqualitéit a schuet  der Gesondheet!

Froe vun déi gréng zu den Aarbechtsbedingunge vum sozio-edukative Personal (SEA):

Mat der Fermeture vun der Maison relais wärend engem Deel vun de Schoulvakanzen an dem Personalmangel an der Kannerbetreiung, hunn déi gréng Réiserbann dem Schäfferot virgeschloen, eng anonym Ëmfro ënner dem Personal vun de SEA ze maachen. Dëst am Sënn fir d’Attraktivitéit vun hirer Aarbecht ze verbesseren. De Schäfferot ass averstanen, eng Ëmfro beim Personal an den Elteren ze maachen, wëll awer weider um Prinzip vum kollektiven August-Congé festhalen. déi gréng plädéiere do awer fir méi Flexibilitéit. Vill Eltere kréien am August net fräi oder wéilten léiwer aus ekonomeschen oder praktesche Grënn ausserhalb vun der Héichsaison Vakanz maachen. D’August-Vakanz, d’Ëffnungszäiten vum SEA an d’Wuelbefannen vum sozio-pädagogesche Personal si Schlësselthemen am Hibléck op d’Verbesserung vum Gläichgewiicht tëscht dem Beruffs- a Privatliewen vun den Elteren engersäits an dem sozio-edukative Personal op der anerer Säit.

Froe vun déi gréng zur Spärung vun der Eisebunnslinn tëscht Beetebuerg a Lëtzebuerg:

déi gréng Réiserbann hu kritesch Bemierkunge vu Bierger zu der Ersatzbuslinn wärend der Spärung vun der Eisebunnslinn tëscht Beetebuerg a Lëtzebuerg krut. D’Kritike bezéien sech op d’Feelen vun engem direktem Accès vu Bierchem op den Houwald an ob déi verlängert Pendelzäit dohinner vu 7 Minutten erop op 25 Minutten. Trotzdeem huet de Schäfferot d’Léisung vun der CFL als zefriddestellend bewäert an hält keng  Ännerunge fir néideg. Dësen dach  bedeitenden Zäitverloscht fir d’Pendler, wäerten eng Partie Benotzer dozou brénge erëm op den Auto zeréck ze gräifen an sou geet den Individualverkéier an der Gemeng erop. déi gréng bedaueren, datt d’Gemeng net bei der CFL intervenéiert huet, fir eng besser Léisung ze fannen, oder eegestänneg Léisungen ubitt.

Froe vun déi gréng zum Réamenagement vun der rue des Ponts zu Peppeng:

déi gréng  ënnerstëtzen d’Ëmännerung vun der rue des Ponts an eng 30er Zone. Dëst ass eng Verbesserung vun der aktueller Situatioun a féiert hoffentlech zu enger akzeptabeler Verkéiersberouegung. Allerdéngs bitt de Projet am Moment nach keng adäquat Léisung fir  déi national Vëlospist PC6 déi hei verleeft. Vir d’Sécherheet vun de Cyclisten/innen, fuerderen déi  gréng baulech Verkéiersberouegungsmoossnamen. Mir froen ons, ob een dës Strooss net kéint fir d’Riverainen, d’Awunner vu Léiweng a Peppeng a fir den ëffentlechenTransport begrenzen. Mir wëllen domat vermeiden, dat d’rue des Ponts eng “Autobunnsopfaart” fir d’A3 gëtt.

Compromis fir de Kaf vun engem Privathaus an der Grand-rue zu Réiser fir 2 Milliounen Euroe:

Dëst Haus ass direkt nieft dem Gemengenhaus geleeën an seng Lag ass dowéinst interessant. Et erfuedert awer nach  vill an deier Renovéierungsaarbechten an ass dowéinst an onsen Aen ze deier ! Dat fréiert  Postgebai, dat dem Schäfferot virun e puer Joer ze deier war, hätt “just” ronn 640 000 Euroe kascht. Ons kënnt et fir, ewéi wann d’Majoritéit mëttlerweil, wéi an engem Monopolyspill, esoubal et méiglech ass an zu all Präis, Haiser keeft. Et gëllt awer opzepassen, datt een nach Sue behält fir Rechnungen an aner Verpflichtungen nozekommen. Mir hunn ons aus dëse Grënn enthalen. Et wier och gudd wann d’Gemeng demnächst géing e konkrete Plang präsentéieren, wat si wëlles huet mat denen Heiser déi si an de leschte Joeren kaaft huet.

déi gréng wënschen Iech e schéinen Summer mat ville sonnegen Deeg!