Gemengerotssëtzung vum 05 August 2024, Stellungnam déi gréng Réiserbann
Dëse kuerze Gemengerot matzen am Summer ass vum Schäfferot esou ugesat gi fir kënnen dem grousse Bedarf un sozio-edukativem Personal nozekommen. D’Nofro u qualifizéierte Leit fir a Kannerbetreiungsstrukturen ze schaffen ass um nationale Plang ganz grouss. Méi Flexibilitéit an der Offer vun der Kannerbetreiung ass fir déi gréng Réiserbann eng Häerzensugeleeënheet, dowéinst ënnerstëtzen mir all Moossnamen déi den Elteren an dem sozio-edukative Personal en ausgeglachent Aarbechts- a Familljeliewen erméiglechen.
Soss hu mer nach eng Création de poste an der Administration, eng Promotioun an eng Démissioun vu Gemengepersonal matgestëmmt.
Och gouffen d’Tâchen vun den zwee Schäffen vun 9h ob 15h gehouwen. Dës Stonnen hunn sie ennert enneneen obgedeelt, fir méiglechst gutt hierer viller Aarbecht nokënnen ze goen. Och dëst hunn déi gréng matgestëmmt, well gutt Aarbecht iwwerluecht an mat Bedart gemaart muss ginn an dëst erwarden mir jo och vum Schäfferot.
Reglementer:
Hei huet de Gemengerot als éischt en neit Reglement fir de Mérite communal am Sport- a kulturberaich gestëmmt. Dat aalt Reglement vum 1994 huet de Benevolat nach net berücksichtegt. Dat neit Reglement éiert elo endlech och Leit déi sech iwwer Joren bénévol engagéiere mat engem Mérite spécial. Esou Persounen déi oft am Hannergrond aktiv sinn a vill Zäit, Motivatioun a Kënnen investéiere fir dat sportlech-, kulturell, sozial an humanitär Beweegungen zu Réiser gefuerdert gi, verdéngen Wäertschätzung an Unerkennung. Gären hu mir dat Reglement matgestëmmt.
Soss waren nach eng kleng Rektifikatioun um Reglement fir d’Taxe fir d’Benotze vu Gemengeninfrastrukturen ob der Dagesuerdnung. Am Verkéiersreglement koum en Zousaz fir déi nei Elektrobornen dobäi. Och hei hunn déi gréng dës zwou Upassunge matgestëmmt.
