Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 7. Oktober 2024
Virstellung vun engem Leitbild fie de Klimapakt 2.0 (Présentation et adoption des principes directeurs du Pacte Climat 2.0):
D’Leitbild, dat di nei Klimapakt-Beroderin, d’Mme Kolber, dem Gemengerot presentéiert huet, soll klimarelevant Aktivitéiten am Kader vum Klimapakt 2.0 ëmsetzen an déi entspriechend Prozesser dokumentéieren. D’Leitbild definéiert Moossnamen an de Beräicher douce Mobilitéit, Protektioun vun de natierleche Ressourcen, Waasser a Loftqualitéit oder och zirkulär Ekonomie. Zousätzlech ginn am Leitbild och Indicateuren definéiert bzw. widderholl fir d‘Ëmsetzung vun dëse Moossnamen ze iwwerwaachen. De Schwéierpunkt leit ob der Transparenz, a soumat der Informatioun, an der Sensibiliséierung vun der Bevëlkerung fir en effikasse Klimaschutz. Prioritéit huet dëst Kärthema vun déi gréng Réiserbann scho säit mir 2011 hei an der Gemeng gegrënnt goufen, a mir si frou, datt no iwwer 10 Joer Waarden, dëst Thema endlech eng Prioritéit vun der Majoritéit ginn ass. Mir ënnerstëtzen d’Gemeng mat alle Mëttelen wa si mam gudde Beispill virgeet, allerdéngs hätten des Moossnamen scho misste viru Joren lancéiert ginn. Beispillsweis hunn ganz vill Privathaiser am Réiserbann scho Fotovoltaikanlagen um Daach wärend dëse Schäfferot réischt analyséiert, wéi eng kommunal Diecher dofir a Fro kommen! D‘Leitbild, dat och de Réiserbänner Bierger*innen zur Verfügung stoe wäert, ass deemno e Mëttel fir Klimaschutzmoossnamen ëmzesetzen, mee si muss Deel vun engem Gesamtkonzept sinn, sou datt et net nëmmen wéi Marketing eriwwer kënnt, mee dat d’Leit gesinn, datt et éierlech gewollt ass!
Mir soen ob dësem Wee all Bierger*innen Merci fir all hier kleng a grouss Geste fir de Klimaschutz an d’Erhalung vun der Biodiversitéit vum Planze vu Blummen, Straich a Beem iwwert Solarpanneauen um Daach oder de punktuellen oder reegelméissege Verzicht op klimaschiedlech Individualtransportmëttel.
Mise à jour vun der Charte européenne pour l’égalité des femmes et des hommes dans la vie locale:
An enger moderner Gesellschaft sinn all Mënschen glaichgestallt, dowéinst ass et an onsen Aen och normal, dat eng entspriechend Charta reegelméisseg ob de Leescht geholl an zäitgeméiss ugepasst gëtt. An deem Punkt mee och beim nächste Punkt, dem Pacte communal du vivre-ensemble interculturel schaffen déi entspriechend Kommissiounen dynamesch a motivéiert fir dem Schäfferot gutt Verbesserungsvirschléi ze maachen. Mee och Zesummenaarbecht mat de Bierger*innen funktionéiert hei zu Réiser gutt. Wann ee kuckt wat an der Welt lass ass, ass de Respekt an d’Toleranz vis-à-vis vun de Leit ënnerteneen hei am Réiserbann virbildlech.
Piste multifonctionnelle zweschen Crauthem a Peppange:
Endlech konnt de Schäfferot de leschten Terrain kafen, deen nach gefeelt huet fir dëse laang begierte Foussgänger- a Vëloswee bauen ze kënnen. Leider hunn d’Verhandlunge mam Proprietär laang gedauert an de Präis war och méi héich wéi geduecht. Dës Verbindung tëschen den Uertschafte Krautem a Peppeng ass wichteg, well et e grousse Sécherheetsgewënn an eng nei verbessert Liewensqualitéit fir de Réiserbann bréngt. Et ass dëst dann och e weidert Puzzelstéck fir e künftegt Gesamtkonzept fir d’douce Mobilitéit an der Gemeng ze erreechen.
De Resumé vun onse mëndleche Froen (an den Äntwerten) fannt Dir am Sëtzungsrapport op de Säite virdrun, oder och am originale Wuertlaut am Video vun der Gemengerotssitzung.