background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 11. November 2024

Virstellung vum “plan d’aménagementde la propriété communale de Roeser 2025-2034” an dem järleche Gestiounsplang vun de Réiser Bëscher
Bei dësem Dokument handelt et sech ëm e laangfristege Plan fir d’Bëscher an onser Gemeng, deen ob Grond vun engem Inventar vun de Beem vun der Natur- a Forstverwaltung erstallt gouf. Heibäi goufen d’Bëscher (271 ha) a Stecker agedeelt wou bal lauter där selwechter Beem wuessen. Och goufen déi eenzel Altersklasse respektéiert. Eeche sin déi am gréissten an eelste vertrueden Baamzorte an onse Bëscher.Duerno kommen d’Bichen, d’Fichten an d’Kiferen Et gouf och ënnersicht wei eng Zort Beem am optimaalsten op wéi engem Buedem wiisst.


Duerch de Klimawandel an déi domat verbonne Wiederextremer sinn z.B. d’Fiichte massiv vum Borkenkäfer befall a futti. D’Ofholzung vu Beem konzentréiert sech haaptsächlech op ofstierwend Beem an ënnersteet engem strengem Reglement. Soumat kënnt et net zu engem Kaalschlag, wat eis gréng wichteg ass, mee et ginn eenzel Beem ewech geholl. Esou kënne kleng a jonk Beem méi Luucht a Platz kréie fir sech ze entwéckelen. Bei Neiuplanzunge gi Monokulture vermidden, well Mëschkulturen méi resistent géigeniwwer Schädlinge sinn.


Et ginn 3 wichteg Grënn fir gutt no de Bëscher ze kucken, den ökologesche Grond fir Karbon ze stockéieren a fir d’Biodiversitéit ze erhalen. D’Bëscher sinn awer och wichteg Erhuelungs- a Fräizäitangeboter an et kënnt och nach e weideren ökonomeschen Aspekt duerch Holzverkaf dobäi.

Onser Partei gëtt heiansdo virgeworf mir géife beim Klimawandel dramatiséieren an datt et schonn ëmmer Naturkatastrophe goufen. Dëst vun onofhängege Spezialiste geschriwwent Dokument beschreift, wéi eng dramatesch Auswierkungen de Klimawandel haut schonn op eis Bëscher huet .


Dësen 10-Joeresplang ass e wichteg Dokument fir d’Gesondheet vun onse Bëscher esou gutt ewéi méiglech ze erhalen an huet natierlech Zoustëmmung vun déi gréng kritt,genau ewéi de Joresplang deen de zoustännegen Fieschter den Här D’Orazio ob Grond vum “plan d’aménagement de la propriété communale de Roeser 2025-2034” opgestallt huet.


Hei ginn déi järlech konkret Aktiounen am Bësch opgezielt, déi fir d’Ëmsetzung vun de kuerz- mëttel- a laangfristegen Zieler néideg sinn. Merci him a senger Equipe fir hier gutt Aarbecht!


Groussherzoglechen Avant-Projet fir e Reglement fir eng Naturschutzzone laanscht d’A3
Et handelt sech hei em eng Initiativ vun der Regierung fir Kompensatiounsmoossnamen ëmzesetzen déi duerch den Ausbau vun der Zuchstreck an der Autobunn ob 3 Spueren erfuerderlech sinn. Ënner anerem eng 50m laang Wëldbréck ass virgesinn. De Staat huet dofir Terrainen ofkaf, mee et sinn och Privatstecker betraff.

Baueren dierfen do elo net méi Pestiziden oder Dünger ausstreeën. Et ass schued, datt verschidde Privatbesëtzer dat eréischt spéit gewuer goufen an net richteg zu Wuert koumen. Trotzdeem ass dëst eng wichteg Moossnam fir den Naturschutz déi déi gréng gären ënnerstëtzen.

Installatioun vun 2 Vëlowäschanlagen zu Krautem beim Tennis an zu Bierchem bei der Méckenheck
déi gréng begréissen an ënnerstëtzen all Moossnam an Investitioun déi d‘douce Mobilitéit no vir bréngt. Hei installéiert d’Gemeng op zwou Plazen eng Statioun wou een de Vëlo propper maache kann an ee kleng Reparaturen ausféieren kann. Dat erliichtert benotze vum Vëlo am Alldag zumools fir déi Leit, déi an enger Residence wunnen.

Mir déi gréng hunn gefrot wien d’Maintenance vun dësen Anlagen assuréiert an ob et mat Jetone fonctionéiert. Et ass wichteg, dat och ob esou Platze kee wäertvollt Waasser verbëtzt gëtt. Mir hunn dëse Punkt matgestëmmt.