background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 16. Dezember 2024

Mir kruten de Budget rectifié 2024 an de Budget prévisionnel 2025 vum Här Buergermeeschter virgestallt. Ons Iwwerleeungen dozou kënnt Dir an der Stellungnam vum Gemengerot vum 19. Dezember 2024 noliesen.

Soss stounge bei dësem Gemengerot vill kleng Sujete ob der Dagesuerdnung: E private Remembrement, en Decompte vun Aarbechten, provisoresch Verkéiersreglementer a d’Kreatioun vun administrative Posten an Demissiounen. Erwäne wëlle mir nach dës Punkten:

Vente de biens communaux

Nodeems d’Gemeng e méi ewéi 20 Joer ale Bagger ersat huet, gouf den ale Bagger lo un en Entrepreneur fir 11500 EUR verkaf. Domat ware mir averstanen.

Convention relative à la prise en charge du traitment du coordinateur sportif

Fréiseng, Weiler-la-Tour a Réiser deelen sech als Gemengen e Sportscoordinateur. Dat ass eng flott Offer fir Grouss a Kleng aus den 3 Gemengen. Elo ass et awer esou, datt déi Persoun 2024 aus verschiddenste Grënn am Meeschte fir Réiser geschafft huet. Deementspriechend ass d’Ofrechnung ugepasst ginn. Well déi 3 Gemengen ewell zesummen iwwer 15000 Awunner hunn, kennen si deemnächst eng zweet Persoun als Sportscoordinatrice astellen. Dat hu mir matgestëmmt.

Renonciation au droit de préemtion à Crauthem

Heibäi verzicht d’Gemeng ob e Virverkafsrecht vun enger Sträif Terrain, déi fréier e Syndikatwee war an deen haut vu kengem Notze fir d’Gemeng wär. Mir waren heimat averstanen.

Attribution d’une aide financière à des associations actives dans le domaine de l’aide humanitaire internationale et nationale

D’Gemeng mëscht een Don vun je 2500 EUR un d’Associatioune Pharmaciens sans frontières an Mitica, aide à l’enfance. D’Associatioun Lukraine ASBL kritt en Don 5000 EUR.

D’Associatioun Ambulanz Wonsch an d’Associatioun La Main Tendue ASBL Angela kréien je 1000 EUR.

Et sinn dëst alles humanitär Gesten déi d’Gemeng den Äermsten vun den Äermsten a Mënschen a ganz prekären an trauerege Situatiounen zur Verfügung stellen. Gären hu mir dat matgestëmmt.