Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 19. Dezember 2024
iwwert de Budget rectifié 2024 an dem Budget prévisionnel 2025 vun der Majoritéit
D‘Verscholdung zu Réiser mat ronn 46,5 Mio EUR a 6600 EUR pro Kapp-Verscholdung ass héich, zumools well ons ordinär Einnamen net esou grouss sinn, ewéi déi vu villen aner Gemengen! Wann eng héisch Verschëldung duerch Investitiounen an Infrastrukturen entsteet, heescht dat eigentlech, datt an Zukunft esou Ausgaben net méi néideg wären. Mir froen eis allerdéngs ob am Réiserbann mat der neidescher Wäitsiicht geplangt gëtt. Zum Beispill muss déi néi Schoul zu Bierchem no zwee Joer schonn duerch e Pavillon vergréissert ginn! Brauche mir dann herno och nach eng Annexe vun der Annexe wann den Hierschterbierg bebaut ass?
An nächster Zäit muss Réiser nach mind. 6 Mio EUR fir den Ausbau vun der Kläranlag virgesinn, et kommen déi nei Sportshal Bierchem, d’Platz bei der Réiser Kierch an d’Renovatioune vun nei kaaften Immobilien dobäi. 2024 sinn immens vill Immobilien an Terraine vum Schäfferot opkaaft ginn. Deelweis koume mir ons am Gemengerot ewéi an engem Reality-Monopol-Spill fir! Dat Eent oder anert Gebai ass zu engem gudde Präis opkaaft ginn, anerer Haiser waren awer ze deier. De fréiere Schäffe vun der LSAP huet eng Lescht vun de Gemenge Gebaier gefuerdert. Mir ënnerstëtzen desInitiative, well och mir gréng eis nämlech froen, wéi eng Funktiounen all déi Haiser kréien a wéi eng Käschten dobäi entstinn?
Beim Masterplang Hierschterbierg, wou tëscht Bierchem Haut an der rue de Kockelscheuer d’Gemeng Réiser zesumme mam Stat en grousst Areal mat villen Wunnunitéite wëlle bebauen, feelt et un Iddien zum Gesamtkonzept. De Pilotprojet vu Wooltz ass e Beispill wou d’ Wëlzer Gemeng Bedingungen am Virfeld gesat huet z.B. Erdwäerme am Reseau fir dat ganzt Lotissement. Eou proaktiv Iddie wieren och fir eis Gemeng ze wënschen.
Fir dee geplangte Architekteconcours vun der Bierchemer Sportshal fuerdere mir ökologesch Architekturvirgaben ewéi zum Beispill eng begréngte Fassade oder d’Verwendung vu recyceltem Baumaterialien. Et soll vum Concour profitéiert ginn, fir e Maximum un Nohaltegkeet an Innovatioun als Resultat ze kréien. Fir datt d’Kanner vu Bierchem Haut a vum zukünftegen Hierschterbierg gutt zu Fouss, mam Vëlo oder mat der Trottinette op de Schoulcampus Bierchem kommen, proposéieren mir der Gemeng sech ze iwwerleeën op en vum Chantier vun der Sportshal an dem Souterrain kann profitéiere fir en Tunnel ënnert de Gleiser ze bauen (op der Héischt vum Foyer Eist Heem).
Och dëst Joer feelen am Budget kloer Akzenter fir e Gesamtverkéierskonzept, fir d’Mobilitéit douce, d’Verkéiersberouegungs Moossnamen an den Duerfagäng. De Schäfferot misst grondsätzlech méi energesch a kämpferesch d’Interesse vun de Réiserbänner vis-à-vis vu rigiden Autoritéite vertrieden. E Beispill ass de Chantier an der Groussgaass zu Réiser, dee chaotesch ass a wou d’Sécherheet vun den Aarbechter, de Foussgänger an den Automobilisten net garantéiert ass! Och bei de provisoresch rout/wäiss Plastikskeschten an der Entrée vu Réiser um CR158, déi bei all Onwieder an d’Strooss fléien, misst kräfteg mat der Fauscht ob den Dësch geschloe ginn! Änlech Beispiller ginn et nach! Et feelt Duerchsetzungsverméigen!
Mir hiewen awer och déi positiv Säiten am Budgetervir ewéi zum Beispill den neie Service de l’enfance an de Service de vivreensemble, d’Energietransitiounen,d’Oprëschtung vun der LED Technik an aner Moossnamen erfir. Dat sinn allerdéngs europäesch Direktiven a keng Initiative vun der Majoritéit! Aner ökologesch Moossnamen déi déi gréng schonn ëmmer thematiséieren hunn, ginn endlech an Ugrëff geholl. Dowéinst freeë mir ons, dass Réiser elo d’Stuf 3 am Klimapakt kritt hutt! Déi gréng stelle weider Fuerderungen a verweisen ob de Circulaire „Méi Natur an eise Stied an Dierfer“. Sou gouf an der rue de la Gare zu Béiweing déi bestoend Beem duerch méi klimaresistenter ersat. Leider goufen hei awer keng héisch wuessend Beem gewielt, déi am Summer fir Schied an Ofkillung suerge géifen.
Grondsätzlech leien déi gréng mat der Majoritéit ob enger Linn wat noutwenneg a sënnvoll Investitiounen am Klima-an Naturpakt ugeet, ausernee ginn ons Meenunge wat d’Scholden an dat heefegt, inkonsequent a net strikt Handele vum Schäfferot ugeet. Mir erkennen deemno villverspriechend Aspekter am Budget an awer och Mängel, dowéinst stëmmen déi gréng dëst Joer net dogéint oder mat, mee enthalen ons beim Vote vun den zwee Budgeten.
Als Ofschloss soe mir dem Schäfferot an all de Beamten, Merci fir hier Aarbecht beim Opstelle vun den zwee Budgeten a wënschen hinnen an Iech léif Réiserbänner, schéin, friddlech a gesond Feierdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2025!
De Resumé fannt Dir am Sëtzungsrapport op de Säite virdrun, oder och am originale Wuertlaut am Video vun der Gemengerotssitzung.