background background

Réiserbann

Stellungnam zum Gemengerot vum 24. März 2025

Beim Gemengerot vum 24te Mäerz ware Konventiounen iwwert d’Organisatioun an d’Finanzéierung vum Office social, der Crèche, der Maison des jeunes an der Maison relais um Programm. Mir hunn ewéi ëmmer och provisoresch Verkéiersreglementer a Personalfroe behandelt. Zu verschidden anere Punkte wëlle mir iech gären e puer weider Erklärunge ginn:

1.11 Joresbericht vum Sportskoordinator

De Sportskoordinator huet ons d’Sportsaktivitéite vum leschte Joer zesumme gefaasst, déi bei ons an der Gemeng statt fonnt hunn. Do si vill flott Projeten dobäi ewéi beispillsweis de Schoulsportdag, den Inklusiounsdag oder Fit duerch de Summer. Als Pilotprojet gouf ons den Impulsprojet am Detail präsentéiert bei deem d’Bedürfnisser vun de Réiserbänner mat Hëllef vu Veräinsmemberen ermëttelt gi sinn. Et hunn sech doraus dräi Haaptschwéierpunkten erginn:

1. Sportmaterial am Parc Kolla ubidden,

2. Lafweeër owes beliichten an

3. Eng “what’s app” Grupp maache fir sech mat aneren ofzeschwätzen.

Als déi gréng ënnerstëtze mir den Impulsprojet an déi anerer Initiativen, déi et zum Deel schonn iwwer Jore ginn, well se net nëmme gesondheetsfördernd si mee och d’soziaalt Zesummeliewe verbesseren. Beim Impulsprojet gouf duerch d’Abezéiung vun der Veräiner, och e Stéck Biergerbedeelegung realiséiert.

2.01 Zukunft vun der Associatioun “Solidaresch Hëllef Réiserbann” mam Partenariat vun der Gemeinschaft vun de Kolla Tinkunaku Kommunautéit

Dës Organisatioun déi säit Enn der 80er Joren d’Minoritéit vun der brasilianescher Kolla-Communautéit ënnerstëtzt, huet bis elo mat engem Grapp benevole, staark engagéierte Réiserbänner funktionéiert. Leider hunn och si, ewéi vill Veräiner an Associatiounen, mat engem ëmmer méi grousse Mangel u “man-power” ze kämpfen. Nieft opwännegen administrativen Demarchen, der politescher Situatioun an Argentinien, d’Organisatioun vu Spende kënnt och e komplizéierte Kommunikatiounswee mat de Kolla dobäi. Dat alles gëtt der klenger Associatioun ze vill fir weiderhin efficace ze bleiwen.

Als Partei hu mir ons Gedanke gemaach wéi eng Léisungen hei appropriéiert wären, hei puer vun onse Virschléi:

  • Trennen vun der ASBL an dem Partenariat mat de Kolla.
  • Fir d’Partenariat soll d’Gemeng zoustänneg sinn, well dat och politesch Theme betrëfft z.B. d’Ofholze vun de Bëscher an Nord-Ost Argentinien.
  • D’ASBL wär fir Done zoustänneg, zousätzlech zu deene vun der Gemeng.
  • D’ASBL soll sech méi e breet Hëllefaktiounsfeld, souwuel lëtzebuergesch ewéi och aner international Projeten, ginn. Sie soll sech ob Sensibiliséierungsaktioune fokusséieren an Zesummenaarbechten ukuerbele mat aner aktive Veräiner a Kooperatiounen , fir sech d’administrativ an déi human Kompetenzen ze deelen.
  • De Comité vun der ASBL, bei där och onse fréiere Gemengerot vun déi gréng, den Dan Michels, aktiv ass, géif sech freeën iwwert Ënnerstëtzung aus äre Reien. Hutt dir Loscht d’Welt e bëssen ze verbesseren, da gitt Deel vum Comité bei der ASBL “Solidaresch Hëllef Réiserbann” déi sech mat Häerz an Hand asetzt!!!

4.01 aménagement et finalisation des infrastructures publiqus du PAP beim Kierchepad Léiweng

Duerch e mënschleche Feeler an der Administratioun gouf hei verpasst dem Bauentrepreneur, dee mëttlerweil Faillite ugemellt huet, eng Bankgarantie fir de Bau vun de Stroossen am Lotissement zu Léiweng ze froen. Dat ass iergerlech, well elo d’Allgemengheet bezuele muss fir d’Stroossen ze bauen. Logescherweis hunn déi gréng als Oppositioun dëse Punkt net matstëmmt mee sech enthalen.