background background

Réiserbann

Stellungnam zum Gemengerot vum 29. September 2025

Bei dësem Gemengerot ware ennert Anrem Décompte vun Aarbechten vun Gemengechantiere, Allocatioune vu Subsider an ewéi emmer Personalfroen um Programm. Heibai handelt et sech em normal Prozeduren ob déi mir hei net extra aginn. Zu anere Punkte gi mir iech awer e puer weider Erklärunge:

1.11 Bilan vum Departement vum interkulturellen Zesummeliewen

D’Gemengeréit krute vun der responsaabler Beamtin d’Aktivitéitepresentéiert, déi am leschte Joer am Beräich vum interkulturellen Zesummeliewen ander Gemeng ugebuede goufen. Mir soen hier an der entspriechender KommissiounMerci, fir hier wäertvoll Aarbecht déi Intoleranz a Rassismus ënnerdrécken soll,bestoend sozial Errungenschaften a Rechter erhält a weider verbessert am Sënnvun engem friddlechen a beraicherndem Zesummeliewe mat jidderengem.

2.21 Pacte Nature – Adoption de la contribution à la séquestration du carbone et au renforcement de la résilience des forêts dans le cadre de l’adaptation climatique

Am NaturPakt hu mir d’Upassung vun enger Moossnam matgestëmmt fir d’Bëscher méi resistent géint de Klimawiessel ze maachen. Kuelestoff ka besser gebonne ginn duerch eng multifunktional an natierlech Bëschverwaltung mat méi Diversitéit a Komplementaritéit vun de Bamaarten zum Beispill duerch d’Erhalen a Stäerke vun der genetescher Diversitéit vun de Beem, der Verbesserung vun der Resistenz géint Stéierungen vun de Beem an der Erhéijung vun der Diversitéit vun der Bëschlandschaft.

2.22 Pacte Nature – Adoption de la cartographie des espaces verts dans les zones d’habitation

Hei hu mir zougestëmmt dat eng Kartografie vun den ëffentlechen gréngen Zonen an de Wunngebidder gemaach gëtt. Ziel dovun ass, ze erkenne, wou schonn Insekten an déierefrëndlech Flächen a klimaresistent Planzen a Beem sinn a wou nogebessert muss ginn. Et ass dëst eng weider Mesure vum Naturpakt, deen de Schäfferot erfëlle soll. Bis elo ass de Bilan, dat 72% vum Bestand net naturno Gréngflächen sinn. Dorop kann de Schäfferot net stolz sinn. Mir begréissen dowéinst, dat elo emol am Oktober zesumme mat SICONA an de Gemengegärtner eng Strategie entwéckelt gëtt fir dëse Mëssel ze behiewen.

3.01-02 Modification ponctuelle de la partie écrite et graphique du PAG « LUXITE III », projet d’aménagement particulier – PAP Nouveau quartier – « LUXITE III »

Als déi gréng fällt et schwéier e Projet matzedroen, wou matten an engem Bësch eng Industriezon entsteet. Beim “Parc Luxite” handelt et sech allerdéngs souwisou schonn em  eng al industriell genotzten Fläch déi zu groussen Deeler belaascht war a brooch loung. De Spacecenter deen hei entsteet, wäert der Gemeng wirtschaftlech Virdeeler bréngen, allerdéngs suerge mir ons dat, ënner Ëmstänn schiedlech Emissiounen entstoe kéinten. An dësem fréie Stadion vum Projet ass et nach net méiglech doriwwer Gewëssheet ze kréie well, nach näischt Konkretes um Dësch läit. Als déi gréng wäerte mir hei awer en Aen drop halen. Bis elo waren den Avis vum Ëmweltministère an der Cellule d’Evaluation emol nach positiv, dowéinst hu mir dëse Punkt matgestëmmt.