déi gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 10. November 2025
déi gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 10. November 2025
1.11 Plan de gestion annuel pour la forêt communale de Roeser- Exercice 2026
Och dëst Joer huet de Fieschter ausféierlech erkläert wat fir Käschten 2025 ugefall sinn a wéi eng Ausgaben an Aarbechten an onse Bëscher fir 2026 ustinn. Dëst Joer waren leider d’Recettë méi kleng ewéi soss, well vill Holz doudeg war a sech net gutt verkeeft, d’Gemeng selwer zwou Holzschnitzelheizungen bedreift an de Verkaf u Brennholz fir Privatstéit net esou vill u Einnamen ausmëscht. Déi vill an intensiv Reeperiounen am Laf vum Joer 2025 haten éischter eng positiv Wierkung op d’Bambestänn an d’Bëscher. De staarke Réibestand an invasiv Planzenaarten ewéi de Bärenklau hunn awer eng negativ Wierkung. 2026 gëtt weider gezielt un der Bëschverjéngung geschafft an soumat kënnen nei Punkte fir den Naturpakt gesammelt gin. Projeten wéi Beemplanzungen an d’Sensibiliséierung vu Kanner, souwéi Bëschaarbechten mat Päerd oder d’Fiichtbehalen vum Bësch duerch Grief, droen dozou bäi. E grousse Merci geet un den Fieschter a seng Equipe fir hir wäertvoll an engagéiert Aarbecht.
Résolution relative à la sortie du nucléaire – renouvellement
D’Gemeng Roeser huet sech zesumme mat ronn 50 anere Gemengen un enger gemeinsamer Résolution bedeelegt, déi sech géint d’Verlängerung vun der Lafzäit vum Atomkraaftwierk zu Cattenom riicht. No méi wéi 40 Joer Betrib soll d’Zentral nach emol fir 10 Joer verlängert ginn. Eng Decisioun, déi vill Risiken a Froen opwerft. Bei engem schwéiere Accident zu Cattenom wier dat ganzt Land onwidderrufflech betraff. D‘Investitiounen an d’Renovatioun vun der Anlag kéinten an erneierbar Energien investéiert ginn, déi eng nohalteg Zukunft garantéieren. Fir déi gréng steet fest, datt Nuklearenergie keng dauerhaft Äntwert op d’Energieproblemer, mee eng riskant Iwwergangsléisung ass. Et musse transparent a grëndlech Ëmweltimpaktstudien duerchgefouert ginn. Et wir ze begréissen, datt d’Lëtzebuerger Regierung sech als staarken Alliéierten un d’Säit vun de 50 Gemengen stellt an eng grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht mat atomkriteschen Partner sicht. Vill Reklamatiounen a juristesch Schrëtt kënnen de Prozess vun der Verlängerung verzögeren oder souguer stoppen. Dës Resolutioun setzt e kloert Zeechen, datt d’Sécherheet vun de Leit an d’Zukunft vun eiser Ëmwelt iwwer kuerzfristeg Energieinteresse gestallt ginn, e Schrëtt, dee mir als déi gréng am Interesse vun der Gemeng an dem Lëtzebuerger Land begréissen.
2.01 Convention avec l’Initiativ Liewensufank relative à la mise en oeuvre du service d’aide sociale “BabyPLUS”
D’Gemeng huet e Projet lancéiert, deen Elteren während der Schwangerschaft an am éischte Joer no der Gebuert begleeden soll. An 8 gratis Sëtzungen ginn d’Bedierfnesser vun de Familljen analyséiert an d‘Elteren, wann néideg, un aner Servicer weidergeleet. Als Oppositioun erkennen mir un, datt dëse Projet e Schrëtt an déi richteg Richtung ass. Kanner hunn e bessere Start an d’Liewen, wann hir Elteren ausgeglach sinn an Onsécherheeten net zu Konflikter féieren.
Et ass wichteg, datt Elteren net eleng gelooss ginn an datt si eng Plaz hunn, wou si Froen a Suerge uschwätzen kënnen. Gläichzäiteg wëlle mir awer betounen, datt d’Majoritéit sech net op dësem eenzege Schrëtt ausrouhe soll. 8 Sëtzungen si just e Startpunkt a kënnen d’Komplexitéit vum Eltereliewen nëmme gedeelt ofdecken. Vill Familljen stinn virun méi laange an diversen Erausfuerderungen. Déi gréng plädéieren dofir, eng méi breet Palette u Servicer ze bidden, déi iwwer déi éischt Méint erausginn.
D’Ouvertureszäiten vun der Maison Relais an der Gemengecrèche entspriechen net ëmmer de Besoinen vun de Familljen, a wärend de Schoulvakanzen sinn d’Strukturen net permanent zougänglech. Dëst féiert dozou, datt vill Elteren, besonnesch Alleinerzéiend, trotz staatlecher a kommunaler Ënnerstëtzung Problemer hunn, Beruff a Famill ze vereinbaren.
2.11 Contrat de bail relatif à la location de terrains agricoles – Schutzaker
déi gréng begréisse, datt an eiser Gemeng am Kader vum Naturpakt en Ackergrondstéck geschützt gëtt. Hei wuessen Ackerwildplanzen a Kraider, e puer vun hinne stinn op der rouder Lëscht, a bidden Nektar a Pollen fir Insekten a Villercher, eng wichteg Ressource, déi duerch intensiv Landwirtschaft ëmmer méi rar gëtt. Dëst ass e konkrete Naturschutzprojet, deen weist, wéi och kleng Flächen grouss Bedeitung fir d’Biodiversitéit hunn.
