déi gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 15. Dezember 2025
Nieft den Erklärunge vum Buergermeeschter zum Budget rectifié 2025 an zum Budget prévisionnel 2026 op déi ech am Text zu der Sitzung vum 18. Dezember nach méi detailléiert agoen, stoungen um Ordre du jour vill Punkten zur finanzieller Ënnerstëtzunge fir Associatiounen, Reglement-Ännerungen an och Parzelléierungen vun Terrainen. Nieft dëse Punkten um Ordre du jour war e groussen Thema de devis supplémentaire fir d’Aarbechten an der Grand‑Rue zu Roeser.
1.11 Grand-Rue à Roeser – Devis supplémentaire
Dëse Chantier huet sech net nëmmen zäitlech immens verzögert an ass extrem belaaschtend fir de Réiserbann, mee kascht elo och nach ronn 80 % méi, dat heescht 1,45 Mio. €. Dat hu mir, déi gréng, definitiv net matgestëmmt.
Dës Zousazkäschte sinn op eng Rei gravéierend Feeler zréckzeféieren, déi bei bal allen involvéierten Entreprisen opgetruede sinn. Besonnesch d’Feelaschätzungen vum bureau d’études an déi onprofessionell Aarbechte vum Entrepreneur si verantwortlech. Schonn am Virfeld hu mir ëmmer erëm op déi onkompetent a schlecht organiséiert Baustellenariichtung higewisen. De chaoteschen a geféierleche Chantier war fir eis e kloert Warnzeeche fir onpräzis Kalkulatiounen, eng Befierchtung, déi sech leider bestätegt huet. D’Inspection du Travail et des Mines (ITM) huet d’Aarbechten zäitweis gestoppt, an och d’Ponts et Chaussées hunn Veto ageriicht wat de geplangten, provisoreschen Typ vun Opbau fir de Stroossebelag ugeet. D’Konsequenz ass, datt de Steierzueler mat 1,45 Mio. € dofir opkomme muss, Suen, déi a sozial-, Klima- an Ëmweltschutzmesuren hätte kéinten investéiert ginn.
Als Fraktioun erwaarde mir, datt d’Majoritéit elo konsequent a transparent handelt. Mir fuerderen eng juristesch Iwwerpréiwung vun de Verträg, fir zivilrechtlech Regressmoossnamen géint déi Verantwortlech ze ergräifen. De Schäfferot soll och d’Méiglechkeeten iwwerpréiwen, fir Sécherheetsgarantien ze aktivéieren an ze verlaangen, d’Weiderféierung ouni Zousazkäschten vum Chantier ofzesécheren. Als präventiv Moossname fir zukünfteg Projeten proposéieren mir méi streng Vergabekonditiounen mat standardiséierte Klauselen fir Verzögerungen, onprofessionell Aarbechten a Sécherheetsmängel, inklusiv automatescher Buß- a Regressklauselen. déi gréng ginn esouguer esou wäit ze soen, datt d’Gemeng an hir Awunner am Prinzip Recht op Entschiedegung fir d’Onannehmlechkeeten hunn.
1.21 Projets de plan d’action contre le bruit dans l’environnement -Avis
Mir, déi gréng, ënnerstëtzen dësen Aktiounsplang géint de Kaméidi, well en endlech konkret Schutzmoossname fir d’betraffe Wunnquartiere virgesäit, inklusiv d’Erweiderung vun Antibruit-Maueren, d’Berücksichtegung vu lokalem Verkéier an der Peakzäit, an d’Fuerderung no enger gezielter Kartographie vum Loftkoméidi, déi mir an eiser schrëftlecher Ufro a viregte Gemengerotssëtzunge gestallt hunn. Gläichzäiteg verlaangt de Projet periodesch akustesch Evaluatiounen an eng enk Koordinatioun mat der Gemeng, wat och onse Fuerderungen entsprécht. Mir stëmmen deemno mat, well de Projet pragmatesch Verbesserunge fir d’Liewensqualitéit bréngt a bleiwen awer opmierksam wat d’Ëmsetzung ugeet.
