déi gréng Stellungnam zum Budgetsgemengerot vum 18. Dezember 2025
Léif Biergerinnen a Bierger, dëst ass eng Zesummefaassung firwat déi gréng Fraktioun dëst Joer de Budget vun der Gemeng Réiser matgestëmmt huet. Mir leeën och duer wat mir vun der Majoritéit d’nächst Joer erwaarden a gi praktesch Virschléi.
De Budget 2026 enthält vill vun de Revendicatiounen, déi déi gréng Lokalsektioun scho laang gefuerdert hunn: konkret Schrëtt an der Energietransitioun, méi Plaz fir douce Mobilitéit, a méi Begréngung an eise Quartieren. Well mir als Oppositioun d’Verantwortung hunn, d’Steierzuelerinnen a Steierzueler ze schützen hu mir och kritesch Punkten ugeschwat, a konkret Fuerderungen gestalt. Hei e puer Beispiller:
- An eisen Aen ginn d’Bedierfnesser vun Teenager a Jonker net genuch an eiser Gemeng berücksichtegt. Flott wär et e Raum ze schafen, deen Jugendlecher zu bezuelbare Konditioune benotze kënnen, fir eng Feier ze organiséieren. Och misst en eng ëffentlech Platz schafen wou Jugendlecher sech autonom beweegen a kreativ oder aktiv kënne sinn.
- Mir proposéieren eng Diskussioun iwwert en „horaire aménagé“ fir d’Primärschoul mat Stonne Méindes, Mëttwochs a Freides bis 14:00 Auer. Dat kéint d‘Konzentratioun an d‘Motivatioun vun de Kanner steigeren, d’Sprangstonnen fir d‘Léier- a Betreiungspersonal reduzéieren mee awer och d‘Organisatioun vun de Veräinsaktivitéite vereinfachen.
- Bei de Mehrausgaben fir de Chantier Grand Rue zu Réiser, verlaange mir präzis Mesurë fir an Zukunft esou Feeler a Pannen ze verhënneren, besser Kontrakter, strikt Kontrollmechanismen an Haftungsreegelungen duerch d‘Gemeng.
- Beim Posten „Weeerneierung Léiteschhaff“ am Agang vu Réiser, froe mir ons ob et hei wierklech em en neie Stroossebelag geet oder ob dat Virbereedunge fir d’Verleeung vun Infrastruktur sinn. déi gréng hunn sech an der Vergaangenheet ëmmer géint eng Bebauung vum Widdem ausgeschwat a bleiwen dobäi. D’Gemeng huet schonn genuch Hotspots, wéi den Hierschterbierg an de Bebauungsprojet am Zentrum vu Peppange, weider dezentral Verdichtungen sinn fir eis net akzeptabel! Mir hätte gären Transparenz wann sech do eppes deet!
- Fir de Projet Hierschterbierg waarde mir ob d’Auswäertung vun der Ëmfro an eng Fortsetzung vun der Biergerbedeelegung.
- Mir schloen vir fir d‘Subside fir Solaranlagen, Wärmepompen, Elektromobilitéit ze verduebelen, d‘Batteriesystemer fir Privathaushalter finanziell ze ënnerstëtzen an a Batteriesystemer an ëffentleche Gebaier ze invésteiren. Och hu mir de Schäfferot ob en Escher Projet opmierksam gemaach, wou Solarpanneauen fir Balcone vun Appartementhaiser ënnerstëtzt ginn. Dat géing et Leit erméiglechen hir Energiekäschten erofzeschrauwen.
- Bei der Mobilité douce wëlle mir datt di geplangten Angebotssträifen sécher a sichtbar mat roudem Belag ausgefouert ginn a besser Ofstellplaze fir Vëloen bei Buttiker a Servicer. Och proposéiere mir dem Schäfferot sech duerfir anzesetzen, d’Vitesse tëscht Uertschaften, déi manner wéi 500 m ausernee leien, op 50 km/h ze reduzéieren (zB. Réiser-Béiweng, Léiweng-Peppeng). Mat 50 km/h bräicht een nach ëmmer nëmme 25 Sekonne fir 500 m ze fueren, mam Avantage datt Kaméidi a schiedlech Ofgaser reduzéiert ginn. Och géing Tempo 50 et méi einfach maache fir d’Situatioun fir d’Mobilité douce op dëse wichtege Strecken ze verbesseren. An dësem wei och an aneren Dossieren erwaarde mir duerfir eng vill méi direktiv Haltung vum Schäfferot vis-à-vis vu Ponts et Chaussée.
Mir hu dëse Budget matgestëmmt, well en déi éischte Kéier eng nohalteg Ausriichtung fir eis Gemeng huet. Dat heescht net, datt alles perfekt ass. déi gréng wäerte weiderhin d’Aarbecht vum Schäfferot mat konstruktiver Kritik begleeden. Falls erfuerderlech, wäerte mir Rechenschaft verlaangen oder d’Majoritéit un hir Verspriechen erënneren. Zesumme wëlle mir dofir suergen, datt d’Projeten net nëmmen op Pabeier gutt ausgesinn, mee och am Alldag fir Iech an Är Kanner eppes verbesseren.
Léif Biergerinnen a Bierger, bleift mat eis am Dialog, engagéiert Iech a kontaktéiert ons, wann dir Froen un ons hutt, well mir schaffe fir Iech, fir eng Gemeng, déi sozial gerecht, nohalteg an transparent ass.
Mir wënschen Iech all schéin a friddlech Feierdeeg, eng gutt Gesondheet an e gudde Rutsch an dat neit Joer 2026!
