déi gréng – Stellungnam zum Gemengerot vum 23. Mäerz 2026
Beim Gemengerot vum 23. Mäerz stoungen ënner anerem Konventioune mam STEP an dem Club Aktiv „Eist Heem“ um Programm. Mir hunn, wéi ëmmer, och provisoresch Verkéiersreglementer, Budgetsupassungen a Personalfroe behandelt.
Zu verschiddenen anere Punkte wëlle mir Iech gären e puer weider Erklärunge ginn:
1.02 Schrëftlech Fro vun déi gréng un de Schäfferot zur Liewensqualitéit an dem Zesummeliewe zu Réiser
De Quartier vu Réiser steet virun enger Erausfuerderung. Nodeems d’Gemeng iwwer vill Joren e privat Grondstéck dierft benotzen, fir eng Spillplaz an e Pavillon als Treffpunkt fir d’Noperschaft unzebidden, brauchen d’Besëtzer dësen Terrain elo selwer. Dat ass natierlech hiert Recht, a mir verstinn dat.
Fir Réiser bedeit et awer, datt et ab Juni guer kee ëffentleche Raum méi gëtt, wou d’Awunner sech begéinen a Kanner spille kënnen.
Wat mir net verstinn, ass datt de Schäfferot direkt seet, et géif kee geegente kommunale Terrain zu Réiser ginn, ouni aner Optiounen eescht ze préiwen. Déi gréng gesinn awer eng realistesch Alternativ. D’Grondstéck vun der Kierchefabrick, dat direkt vis-à-vis vun der aktueller Spillplaz läit, wier ideal.
De Schäfferot kéint dësen Terrain kafen an, mat guddem Wëllen an der néideger Prioritéit, e klenge Park mat Spillplaz amenagéieren.
Fir Réiser, dat haaptsächlech aus Wunnhaiser, Appartementshaiser an e puer landwirtschaftleche Betriber besteet, ass esou en Treffpunkt net nëmmen „schéin ze hunn“, mee essentiell.
De Schäfferot soll Verantwortung iwwerhuelen an eng Léisung sichen, déi d’Liewensqualitéit an d’Zesummeliewe vun de Leit erhält a souguer verbessert. Och zu Réiser hunn d’Kanner an d’Awunner e Recht op e Raum, wou si sech kënnen entwéckelen an zesummekommen.
Déi gréng setzen sech dofir an, datt eng nohalteg Léisung fonnt gëtt.
2.21, 2.22 Immobilientransaktiounen
De Schoulcampus zu Bierchem bleift e wichtegt Thema. Wéi vill vun Iech wëssen, huet sech de Chantier, zum Leed vun eis all, immens an d’Längt gezunn an ass däitlech méi deier ginn.
Mëttlerweil ass och gewosst, datt de Campus ze kleng dimensionéiert gouf. Déi gréng hunn direkt an ëmmer erëm drop higewisen, datt de Schoulhaff de Besoine vun de Kanner net entsprécht, well et sech ëm eng grouss, versigelt an net begréngt Fläch handelt.
De leschte Summer hat do e Kand en Hëtzschlag, wat d’Problemer vun der Hëtztkonzentratioun an dem Mangel u Schied op dramatesch Aart a Weis illustréiert.
Besonnesch problematesch ass och, datt d’Schoul an d’Maison Relais am selwechte Gebai ënnerbruecht sinn. Vill Kanner kommen doduerch net genuch un d’frësch Loft.
Elo huet de Schäfferot duerch en Immobilientausch e grousst Nopeschgrondstéck mat Bongert kritt an zousätzlech e Bauerenhaus an der Rue de Bettembourg kaaft.
Mir hunn dës zwee Punkten um Ordre du jour matgestëmmt, well déi gréng elo eng Chance gesinn, d’Schoulkanner zäitweis aus den donkelen Zillemauere vum Campus eraus an en natierlechen a gesonde Bausseraum ze bréngen.
Dat géif e liewege grénge Schoulberäich schafen, deen Beweegung, Erhuelung an eng gesond Entwécklung erméiglecht an gläichzäiteg d’Biodiversitéit am Duerfkär vu Bierchem stäerkt.
Déi gréng gesinn doran e wierkleche Plus.
