déi gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 5. Mee 2026
Am Gemengerot vum 5te Mee 2026 war haaptsächlech Konventioun mam SICONA, provisoresch Verkéiersreglementer, Budjetupassungen a Personalfroen um Programm. Dozou koum dat Gemeng en Terrain kaf huet als Réserve foncière fir bei Bedarf vun aneren Terraine fir ëffentlech Zwecker, tauschen ze kënnen.
Zu verschidden anere Punkte wëlle mir iech gären e puer weider Erklärunge ginn:
1.11 Joeresbericht vum Sportkoordinateur
De Joresbericht vum Sportkoordinator weist kloer, wéi vill Aarbecht, Engagement an d’Entwécklung vum Sportswiesen an eiser Gemeng fléisst. D’Koordinatioun vun de villen Acteuren, vu Veräiner iwwer Schoulen a Strukturen d’accueil bis bei d’Bierger selwer, ass eng wichteg Aufgab, déi fir méi Transparenz an eng besser Ofstëmmung suerge kann. Déi gréng begréissen, datt de Koordinator d’Sportofferen harmoniséiert, d’Fräizäitaktivitéiten ausbaut an och dee Benevolat stäerkt. D’Roll als Vermëttler tëscht Gemeng, Ministèren an interkommunale Partner si wichteg Elementer fir eng modern a lieweg Sportslandschaft. Fir eis als Oppositioun ass et wichteg, datt d’Majoritéit d’Aarbecht vum Koordinator ënnerstëtzt mat kloere Prioritéiten, mat enger realistesch geplangter Entwécklung vun den Infrastrukturen an engem konsequente Fokus op d’Bedierfnesser vun de Bierger an de Veräiner an eiser Gemeng. De Sportkoordinator brauch weiderhin déi néideg Mëttel fir seng Missioun voll a ganz kënnen ze erfëllen, fir e Sportwiesen, dat inklusiv, dynamesch an nohalteg ass, an dat d’Zesummeliewen an eiser Gemeng wierklech stäerkt. Déi gréng soen dem Här Jerry Bucari Merci fir seng wäertvoll Aarbecht.
1.12, 1.13 Joresbericht Pactes climat & nature
De Pacte Climat & Nature ass eng wichteg Chance fir eis Gemeng. Fir kenne konkret Schrëtt fir méi Nohaltegkeet, Biodiversitéit an Energieeffizienz ze maachen. De Rapport weist, datt vill Initiativen ugelaf sinn,vun der Analyse vun de kommunalen Emissiounen iwwer d’Optimiséierung vun den Infrastrukture bis bei d’Ënnerstëtzung vu lokale Projeten am Beräich Natur- a Klimaschutz. Dat ass positiv an dat erkenne mir un. Gutt ass och, datt d’Gemeng mat Veräiner, Schoulen an anere Partner zesummeschafft, fir Sensibiliséierung ze stäerken an d’Bierger méi aktiv an d’Klimapolitik anzebannen. De Pacte bitt e klore Kader, deen Transparenz an eng professionell Approche erméiglecht.
Mee de Bericht weist awer och däitlech, datt d’Majoritéit d’Potenzial vum Pacte elo no esouville Joren wou éischter ob d’Brems gedréckt gouf, endlech ufänkt voll ze notzten. Hier Prioritéitesetzung an hier Strategie fir d’Ziler och wierklech ze erreeche si méi kloer ginn an dat ass och wierklech wichteg fir eng iwwergräifend Linn fir d’Zukunft ze kréien. Mirdéi gréng fuerdere , datt d’Gemeng weider konsequent handelt: mat enger realistesch geplangter Energie- a Mobilitéitsstrategie, mat enger staarker Ënnerstëtzung fir Bierger an Associatiounen, an engem kloer definéierte Monitoring, deen d’Resultater transparent mécht. De Pacte Climat & Natur däerf kee Pabeiertiger sinn, mee muss zu konkrete Verbesserunge fir d’Liewensqualitéit an d’Natur an eiser Gemeng féieren. Mir si frou an ënnerstëtzen weider, datt d’Gemeng d’Instrumenter vum Pacte méi couragéiert an nohalteg notzt, fir de Klimaschutz zu Réiser emzesëtzen.
4.01 Verkéiersberouegung zu Réiser an der Rue Schlammestee
D’Verkéiersberouegungsmoossnam an der Entrée vu Réiser an der rue Schlammestee ass e wichtege Schrëtt, deen eis Fraktioun zanter laanger Zäit gefuerdert huet. Et ass positiv, datt d’Gemeng endlech reagéiert an déi éischt konkret Mesure ëmgesat huet, fir d’Sécherheet vun de Bewunner ze verbesseren. Mee et däerf net bei dësem eenzege Projet bleiwen. Aner Entréeën an d’Dierfer, besonnesch d’Streck vun Alzingen a Richtung Réiser, a vun Helleng a Krauthem bleiwen extrem geféierlech. Hei ass de Risiko fir Foussgänger, Vëlosfuerer an och fir d’Automobilisten nach ëmmer héich, an et besteet dréngenden Handlungsbedarf. déi gréng fuerderen, datt d’Majoritéit no dësem éischte Schrëtt net an d’Waardemodus verfält, mee kohärent bleift. Sécherheet däerf net selektiv oder punktuell ugesi ginn, mee muss fir d’ganz Gemeng garantéiert sinn. déi gréng wäerten och weiderhin dofir drängen, datt déi geféierlech Secteuren endlech prioritär behandelt ginn, fir eng sécher, liewenswäert an nohalteg Mobilitéit an eiser Gemeng.
