background background

Réiserbann

déi gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 6. Juni 2026

Bei dësem Gemengerot waren och erëm provisoresch Verkéiersreglementer, Budjetupassungen, Personalfroen an d’Schoulorganisatioun um Programm.

Zu verschidden anere Punkte kritt Dir hei e puer weider Erklärungen:

2.00 Rapport vun engem Ingenieursbüro iwwert eng Étude vu Staarkreen zu Réiser

De Klimawandel ass och bei eis ukomm, an dat gesi mir ëmmer méi dacks a Form vu kuerzen, mee extrem intensiven Staarkreen-Evénementer. Dës Reenfäll féieren zu Iwwerschwemmungen, Iwwerlaaschtung vun de Kanalisatiounen an zu Schied un Haiser, besonnesch do, wou Garagen oder Kelleren déif leien. Fir dëse Risiken an Zukunft besser ze begéinen, gouf an der Gemengerotssitzung d’Resultater vum kommunale Vorsorgekonzept géint Staarkreen presentéiert, ausgeschafft vun engem spezialiséierten Ingenieursbüro. Eng detailléiert Kartographie mécht sichtbar, wou d’Waasser bei extremem Reen zesummelafe kann a wéi eng Haiser eventuell gefäerdet sinn. Fir d’ Risiken ze reduzéieren, goufen eng Rei baulech a landschaftlech Moossname virgeschloen, déi an de kommende Joren ëmgesat solle ginn:

  • Opfangkanäl a Réckhaltebecken, déi en Deel Waassermassen temporär ophale kënnen
  • Furten, Wallhecken a Schutzwäll, fir de Waasserlaf ze lenken an ze bremsen
  • Bewässerungsgrief an d’Bëscher eran, fir natierlech Ofleef ze verbesseren an de Bësch ze bewässeren
  • Dämm a geplangte Noutflossweeër op Plazen wou dat sech ubitt.

déi gréng ënnerstëtzten dës Mesuren, well si scho laang néideg gewiescht wieren. Mat enger méi fréizäiteger Planung hätt een dës Investitiounen och mat anere Stroossen- oder Bauprojeten kombinéiere kënnen, fir Käschten ze spueren an d’Aarbechten effizienter ze gestalten. D’Haaptzil bleift weiderhin dass   eis Gemeng besser op d’Konsequenze vum Klimawandel virzebereeden an hier Awunner an de Patrimoine ze schützen.

2.11 Classement d’une ferme à Peppange comme patrimoine culturel national

Zu Peppeng am historeschen Duerfkär huet e Privatbesëtzer de Wonsch geäussert, säi Bauerenhaff als nationaalt Patrimoine klasséieren ze loossen. Dat ass e staarkt Zeechen, well grad zu Peppeng fënnt een eng aussergewéinlech Dicht u historesch  relevante Gebaier: dat fréiert Paschtoueschhaus, d’Klouschter, de Baueren- a Handwierksmusée a Kutschemusée, d’Kapell an déi al Haffstrukturen, déi dësem Duerf säin eegene Charakter ginn. déi gréng leeë grousse Wäert op de Schutz vum Patrimoine, well en net nëmmen Erënnerungskultur ass, mee och Identitéit, Liewensqualitéit an eng Ressource fir eng nohalteg Entwécklung vun eise Quartieren. D’Initiativ vum Proprietär ass dofir beispillhaft a weist, wéi wichteg et ass, datt och privat Leit sech fir d’Erhale vun eiser gemeinsamer Geschicht asetzen.

2.01, 2.02, 2.21 Pacte Nature: concept relatif à la gestion extensive des chemins ruraux, augmentation des surfaces non scellées en milieu urbain

déi gréng hunn dräi Konventioune mat SICONA matgestëmmt, déi dat kloert Zil hu méi Biodiversitéit, Klimaverbesserung an e bessere Waasserooffloss ob eise kommunale Flächen ze erreechen. Festgehaale gouf, datt Weeränner net méi exzessiv geméit ginn, fir Blummen, Insekten an aner kleng Liewewiesen nees Plaz ze ginn. Gläichzäiteg gëtt keen Dünger an och keng Pestizide méi agesat, eng Moossnam, déi d’Natur schützt an d’Buedemqualitéit verbessert.

Eng weider Konventioun betrëfft d’Géigend beim Parc Luxite ob der Kockelscheier, wou en neie Weier ugeluecht gëtt. Sou en natierleche Waasserkierper bréngt eng Rei ekologesch Virdeeler en ass Liewensraum fir Amphibien, Insekten a Waasservillercher, hëlleft d’Biodiversitéit lokal ze stabiliséieren a wierkt als kleng natierlech Klimaanlag, déi d’Ëmgéigend ofkillt. Bedauere mussen déi gréng awer, datt déi fréier Autopédestres‑Weeër an deem Beräich net méi ënnerhale ginn. Si waren eng wichteg Verbindung tëscht Natur, Beweegung a lokaler Identitéit. Hei géife mir ons wënschen, datt d’Gemeng nees Perspektiven hätt an dës al Weeër géif ënnerhalen. Och dat ass eng Fërderung vun der Biodiversitéit an der Liewensqualitéit. E weidere wichtege Punkt betrëfft d’PAPen, also eis Neibaugebidder. Hei gëtt de prozentualen Undeel u Flächen, déi net däerfen versigelt ginn, vun 15% op 25% eropgesat. Dat bedeit méi Beem, méi Beeter, méi onversigelten Buedem an domat e besseren natierlechen Oflaf vum Waasser bei staarkem Reen. Et ass e kloert Signal, datt elo endlech an der Entwécklung vun neie Quartieren op eng méi equilibréiert Relatioun tëscht Bauen an Natur gesat gëtt. déi gréng hunn dës Schrëtt mat Iwwerzeegung ënnerstëtzt. Si passen zu engem modernen, nohaltege Verständnis vu Gemengepolitik, wou mir net nëmmen Infrastruktur bauen, mee och Verantwortung fir eis natierlech Ëmwelt iwwerhuelen.