background background

Réiserbann

Aktualitéit

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 7. Oktober 2024

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 7. Oktober 2024

Virstellung vun engem Leitbild fie de Klimapakt 2.0 (Présentation et adoption des principes directeurs du Pacte Climat 2.0): D’Leitbild, dat di nei Klimapakt-Beroderin, d’Mme Kolber, dem Gemengerot presentéiert huet, soll klimarelevant Aktivitéiten am Kader vum Klimapakt 2.0 ëmsetzen an déi entspriechend Prozesser dokumentéieren. D’Leitbild definéiert Moossnamen an de Beräicher douce Mobilitéit, Protektioun vun de natierleche Ressourcen, Waasser a Loftqualitéit oder och zirkulär Ekonomie. Zousätzlech ginn am Leitbild och Indicateuren definéiert bzw. widderholl fir d‘Ëmsetzung vun dëse Moossnamen ze iwwerwaachen. De…