background background

Réiserbann

Branka Lukic

  • Membre de la commission des affaires économiques et finances et de la commission de l'intégration
  • 43 Joër, Krautem
  • Beruff : Ugestallt an engem Büro, vu Formatioun Comptabel
  • Famill : Gescheet, Mamm vun 2 Meedercher

Meng Passiounen an Interesse:

Als elengerzéiend Mamm vun 2 Kanner gëllt meng éischt Passioun menge Kanner a menger Famill. Ech beweege mech vill a besiche gäre schéi Regiounen. Ech si kontaktfreedeg a well nei Kulture kenneléieren. Ech liese gäre Bicher a mengem Gaart oder diskutéiere gäre mat mengen Noperen. Ech sinn Tresorière bei deene Gréngen am Réiserbann an hunn mech fréier um Niveau vun der Elterevereenegung an der Réiser Schoulkommissioun agesat. Ech sinn een aktive Member vun der Kommissioun fir Integratioun.

Ech wëll eng Gemeng déi:

Ech wëll eng Gemeng déi méi  am Beräich vum Trafic ënnerhëlt, déi méi effikass Verkéiersberouegungsmoossnamen installéiert,  méi 30er Zonen aféiert, déi d‘douce Mobilitéit méi promovéiert a fir genuch ëffentlech Elektroborne suergt. Ech well eng Gemeng déi lokal Aarbechtsplaze fërdert an och schaaft an déi aktiv deene Leit hëlleft déi a Schwieregkeete sinn. Wat d‘Fräizäitaktivitéiten ugeet, géif d'Spillplaz am Park Kolla enorm vun engem mobille Verkafsstand profitéieren, an en Open-Air Kino géif déi Jonk an déi Erwuessen unzéien.