background background

Réiserbann

David Büchel

  • membre de la commission de l'égalité des chances
  • 44 Joer, Réiser
  • Beruff : Aarbechtspsycholog a Conseiller de direction bei der Chambre des salariés (CSL)
  • Famill : bestued a Papp von zwee klengen Bouwen

Meng Passiounen an Interesse:

Säit e puer Joer hunn ech eng léif Famill mat der ech gären Zäit verbréngen. Sport war ëmmer e wichtegen Ausgläich a mengem Liewen an haut ginn ech an der Fräizäit nach gäre schwammen, an de Fitness oder Vëlo fueren. Als Aarbechtspsycholog bei der Chambre des salariés (CSL) schaffen ech am Interessie vu méi wéi 580.000 Salariéeën, Jonken déi eng Léier maachen a Pensionéierten zu Lëtzebuerg. A menger Aarbecht engagéieren ech mech dofir, d’Ëffentlechkeet ze informéiere iwwert d’Wichtegkeet vu gudden Aarbechtsbedingungen. An dem Kontext, setzen ech mech a, fir besser Gesetzer a Reegele fir déi kierperlech a mental Gesondheet op der Aarbecht ze schützen, fir dat déi schaffend Leit rëm e besseren Equiliber tëschent Beruffs- a Privatliewe fannen, a vun hirem Loun liewe kënnen.

Ech wëll eng Gemeng déi:

Ech wëll an enger Gemeng wunne wou d’Verkéiersberouegung endlech Realitéit gëtt, mat manner Ofgasen a Kaméidi duerch den Duerchgangsverkéier. De flotte Réiserbann a säin Duerfcharakter mat der schéiner Natur sollen erhale bleiwen an d‘Uertschafte vun der Gemeng solle mat kuerzen a séchere Weeër och fir Foussgänger a Vëlosfuerer besser uneneen ugebonne ginn. Ech wënsche mer flott a lieweg ëffentlech Plazen an den Uertschafte wou jonk an eeler Leit aus der Gemeng sech gären ophalen an en dynamescht Veräinsliewen am Réiserbann. Mir ass et wichteg, datt d‘Kannerbetreiungsoffer qualitativ héichwäerteg, inklusiv an erschwénglech ass, mat Ëffnungszäiten déi sou flexibel sinn, fir allen Elteren ze hëllefen, besser hier berufflech a familiär Verflichtungen ënnert een Hutt ze kréien.