background background

Réiserbann

Emilie Gaasch

  • Membre de la commission de la jeunesse
  • 19 Joer, Réiser
  • Beruff : Studentin ob Première am Lycée Michel Rodange ob der Sektioun Économie et mathématiques, Member an de Komissioune fir Jugend a fir Chancegläichheet

Meng Passiounen an Interesse:

Nieft der Schoul, ass et mir wichteg, mech och ob anere Platzen ze engagéieren. Als jéngste Member an der Chancëgläichheets- a Jugendkommissioun, wëll ech aktiv zum Zesummeliewen an onser Gemeng bäidroen. Mir geet et bei dësen Engagementer drëm, weltoppen, tolerant a respektvoll vis-à-vis vu jidderengem ze sinn, a méiglechst ville Leit des Astellung weiderzevermëttelen. An ech well mam falsche Klischee briechen, dat meng „Generatioun Z“ net engagéiert a passiv wär.

Ech wëll eng Gemeng déi:

Ech gi mat an d’Gemengewale well ech et wichteg fannen dat all d’Generatiounen un den Entscheedunge bedeelegt solle sinn, déi onst gemeinsaamt Zesummeliewe betreffen. Am Réiserbann hat ech eng schéi Kandheet, well et eng sécher a schéi Géigend ass, mat vill Natur a Spillplazen. Als Jugendlechen, well ech, datt Réiser och der Jugend méi bitt. Ech géif et z.B. flott fannen, wann et en ugepasste Sall géif ginn, deen een als Jonke schnell, gënschteg an onkomplizéiert kéint benotzen, fir z.B. e Gebuertsdag ze feieren, esou ewéi dat an anere Gemengen de Fall ass. Esou kleng Geste verstäerken d’Vertrauen tëscht de Generatiounen!