background background

Réiserbann

Georges Kieffer

  • Membre de la commission des affaires sociales, enfants, familles et seniors
  • 40 Joër, Réiser
  • Beruff : Employé public beim Office national de l’accueil (ONA), Member am Groupe de Travail "Inclusion" vun der grénger Partei.
  • Famill : Gepacst a Papp vun engem Meedchen

Meng Passiounen an Interesse:

Ech si passionéiert fir Musek, Concerten, Konscht an (alternativ) Kultur. Wéinst menger perséinlecher Liewensgeschicht mat ville gesondheetlechen Aschränkungen als Kand a Jugendlechen, stinn ech fir eng Inclusioun op alle Niveauen an der Gesellschaft an. D’Sozial Gerechtegkeet ass mir besonnesch wichteg. Duerch mäi Beruff beim ONA, wou ech säit 2015 schaffen, ass et mir wichteg zu enger gudder a verständnisvoller Integratioun vun neie Bierger an der Gemeng bäidroen ze kënnen. An als Papp läit mer och eng méiglechst gutt a kandgerecht Kannerbetreiung um Häerz.

Ech wëll eng Gemeng déi:

Ech wunne säit 2009 am Réiserbann, wou ech meng Heemecht fonnt hunn an eng Famill gegrënnt hunn. Mir ass et wichteg, datt d'Liewensqualitéit och fir spéider Generatiounen an der Gemeng erhale bleift, dofir setzen ech mech gären a fir e sozial verträglechen Ëmweltschutz am Réiserbann. Déi lescht Krisejoren hunn mäin politescht Engagement verstäerkt an ech wëll op lokalpoliteschem Plang mäin Deel bäidroe fir eng staark a funktionéierend Demokratie.