background background

Réiserbann

  • 41 Joer, Peppeng
  • Beruff : Selbstännege Gesondheetscoach & Beweegungs/Pilates Instrukter
  • Famill : 2 Kanner

Meng Passiounen an Interesse:

Ech hu mech ëmmer fir de Schutz vun Natur an Ëmwelt agesat, mee emsou méi zënter, datt ech zwee Kanner hunn, déi an enger Welt opwuesse wou de Klimawandel e ganz realen an urgente Problem ass. Ech hunn Zellbiologie an Ekologie op der Universitéit studéiert a méi wéi 20 Joer als Fuerscherin a Projektmanagerin am biomedizinesche Secteur geschafft. Ech hu realiséiert, datt ee vill Krankheete ka vermeide wann ee méi e gesond an aktivt Liewe an enger gesonder  Ëmwelt lieft. Dëst huet mech zu enger berufflecher Emorientéierung motivéiert. Mäi Fokus ass elo net méi fir Krankheeten ze heelen, mee fir Krankheete kennen ze verhënneren, an dëst als Gesondheetscoach & Beweegungs/Pilates Instrukter. Ech gleewen drun, datt wa mir ons Ëmwelt protegéiere, mir och ons eege Gesondheet an déi vun onse Kanner protegéieren. Meng Famill an ech verbrénge vill Zäit dobaussen a bei Aktivitéiten an der fräier Natur, a reesen awer och gären fir aner Naturwonner ronderëm d’Welt ze entdecken.

Ech wëll eng Gemeng déi:

Ech wëll eng Gemeng déi ee gesond Liewen an alles wat dozou gehéiert zur Prioritéit erkläert. Ech wëll, datt et menge Kanner méiglech ass iwwerall kënnen ze spillen, ouni datt se duerch de Verkéier a Gefor sinn, an och viru Pestiziden an aneren schiedleche Chemikalien geschützt sinn. Ech wëll eng Gemeng déi Virreider gëtt wat ee gesond a gréngt Liewen ubelaangt. Matt innovativen Iddien déi och an d‘Praxis ëmgesat gi, wéi z.b. beim ekologeschen Hausbau, bei der Biolandwirtschaft ouni Pestiziden, bei den erneierbaren Energië fir all Haushalt an all Betrib.