background background

Réiserbann

Tanja Fonck

  • Membre de la commission de la culture
  • 38 Joer, Béiweng
  • Beruff : Optikerin
  • Famill : 2 Kanner

Meng Passiounen an Interesse:

Un éischter Platz sti, wéi bei deene meeschten, meng Famill a besonnesch eis 2 Kanner déi ganz vill Opmierksamkeet brauchen. Ech sinn hei am Réiserbann gebuer, hu meng Primärschoul hei gemaach, a liewe bis Haut ganz gären an eiser Gemeng, och wann se sech an de leschten 30 Joer dach däitlech verännert huet. Ech deele mat mengem Mann eng Passioun fir Musek a Kultur, a sinn nieft der Réiser Musek och nach an anere Museken uechtert Land aktiv.

Ech wëll eng Gemeng déi:

Als fréier Kandidatin bei de Walen 2017, engagéieren ech mech och weiderhi fir en aktiivt Veräinsliewen a fir e liewegt a respektvollt Mateneen. Fir datt e gutt Zesummeliewen tëscht Jonk an Al an tëscht ville verschiddenen Originne klappt, mussen d’Konditioune awer passen. Dozou gehéiert och eng intakt Ëmwelt, eng optimal Schoul, mat entspriechend gudder Kannerbetreiung, eng gutt Offer u Fräizäit a Kultur Aktivitéiten, en attraktiivt Veräinsliewen, genuch flott Plaze fir sech bannen a bausse kënnen ze begéinen a vläicht gemeinsamen Hobbyen nozegoen, an natierlech eng gutt Mobilitéitsoffer fir Jonk an Al, amplaz e Verkéierskollaps.