background background

Réiserbann

Thiemo Spielmann

  • Membre de la commission scolaire et de la commission des sports
  • Membre de la commission scolaire : 39 Joer, Béiweng
  • Beruff : Physiksprof am LTC, Member vum Réiser Klimateam
  • Famill : bestued a Papp vun 2 Kanner

Meng Passiounen an Interesse:

No mengem Studium zu Lausanne hat ech d’Chance an der Fuerschung schaffen ze kennen: Fir d’éischt als Doktorand zu Stockholm an duerno an der Materialfuerschung bei der IEE S.A. zu Lëtzebuerg. Säit 2018 sinn ech Physiksproff am LTC a vermëttele menge Schüler am Secondaire meng Passioun fir d’Physik, d’Technik an d’Fuerschung. Ech si frou am Alldag vill Zäit mat menge egene Kanner verbréngen ze kennen. Meng Fräizäit verbréngen ech am léifsten dobaussen, sief et fir mam Vëlo op d’Aarbecht ze fueren, mat de Kanner, oder duerch de Bësch ze lafen.

Ech wëll eng Gemeng déi:

Eis Gemeng soll fir Mënschen an all Alter liewenswäert sinn. Eng Gemeng, wou e gutt op direktem Wee an ouni ze vill Verkéier zu Fouss a mam Vëlo kann ënnerwee sinn, wou Beem a Gréngs an de Stroossen am Summer virun der Hëtzt schützen a wou nei Bauprojeten sou geplangt ginn datt weider “Hëtzt-Inselen” verhënnert ginn. Eng Gemeng wou d’Uelzecht renaturéiert gëtt an doduercher e flott Erhuelungsgebitt fir Déieren a Mënschen entsteet. Eng Gemeng wou e „Mateneen“ groussgeschriwwe gëtt an sech duerch kuerz Weeër nees kleng Butteker a Caféë bilden.