background background

Réiserbann

Vito Marinelli

  • 46 Joër, Réiser
  • Beruff : Comptable-fiscaliste an enger Fiduciare
  • Famill : 1 Kand

Meng Passiounen an Interesse:

D’Wuelbefanne vun de Leit sou wéi déi vu menge Léifsten ass mir wichteg. Empathie a Solidaritéit stinn am Mëttelpunkt vu mengem Engagement. Zanter 2017 sinn ech an eiser Sektioun déi Gréng Réiser aktiv an och Member vum Verwaltungsrot vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale, asbl. Donieft leeden ech säit iwwer 15 Joer, mat kompetente Mataarbechter, eng Struktur wou mir Verkéierspsychologie am Alldag applizéieren, an deemnächst och psychotherapeutesch Begleedung ubidden.

Ech wëll eng Gemeng déi:

Eng Gemeng wou jidderee gehollef kritt, deen dono freet, an dat an alle Beräicher. Wou eng Administratioun sech net nëmmen drop beschränkt hiere Service unzebidden, mee déi d’Leit och bei allen Demarche begleet, wann et néideg ass. Eng Gemeng mat engem Duerfkär wou een erëm Zougrëff op Déngschtleeschtungen a lokal Commercen huet, déi leider an de leschte Joren ëmmer méi verschwonne sinn.