background background

Réiserbann

Eis Sektioun

Är Gréng Vertrieder am Gemengerot an an de Komissiounen zu Réiser

Eis Aarbescht an der leschter Legislaturperiod

Eis Sektioun huet an de leschte 6 Joer eng konstruktiv a kontinuéierlech Oppositiounsaarbecht am Gemengerot an och an de consultative Kommissioune geleescht.

Zum Beispill hunn mir am Oktober 2022 dem Schäffen- a Gemengerot eng Motioun proposéiert direkt aktiv ze ginn, d‘Net-Lëtzebuerger Matbierger ze informéieren datt si elo méi einfach un de Gemengewale kennen deelhuelen. D’Zil sollt sinn, d‘Net-Lëtzebuerger Matbierger ze motivéieren sech als Wieler anzeschreiwen, a grad och bei der Umeldung op eiser Gemeng. Obwuel de Buergermeeschter eis Motioun ugangs begréisst hat, gouf d‘Propose d’éischt op den Dezember verréckelt fir nach kënnen een Avis vun der Integratiounskommissioun ze froen. Eis Enttäuschung war du grouss, wéi eis Propose dunn ouni Avis vun der Integratiounskommissioun zum Vott koum, an einfach ouni konstruktiv Ännerungsproposë verworf gouf.

En Beispill wou mir mat der Majoritéit net d’Accord waren, ass de Projet vum neie Schoulcampus zu Bierchem/Béiweng de mir 2017 an 2018 net mat gestemmt haten. Mat eise Kritikpunkten (e.a. feelenden Architekteconcours, vu bausse keen kannergerecht Gebai) hunn mir am Fall vun der Schoul leider Recht behalen.

No eiser Kritik beim Schoulprojet zu Bierchem, ass de Schäfferot fir de Projet „Bei der aler Schoul“ zu Peppeng op de Wee gaangen en Architekteconcours ze lancéiere fir déi historesch Duerfstruktur zu Peppeng net ze „verhonzen“ . An eisen An erfëllt dësen Wunnengsbauprojet aus dem Grond net nëmmen héichwäerteg architektonesch an urbanistesch Krittären, mee och wichteg sozial an ökologesch Aspekter. Dat alt Schoulgebai (1953) gëtt net ewéi dat zu Bierchem ofgerappt, mee renovéiert an als wäertvolle Patrimoine an de Projet integréiert.

Och ware mir dëst Joer net mam Budget d’Accord an hunn dogéint gestëmmt. Dank de klammende Recette vu Gewerbesteier a Staat, ass d’Situatioun vun de Réiser Finanzen (nach) net dramatesch. D’Méikäschte vun der Kris kritt d’Gemeng allerdéngs däitlech ze spieren, a weider Auswierkunge kommen 2023 an och 2024 nach no. Am Budget 2023 ass dofir dee gréisste Scholdepret zanter ganz laangem virgesinn. Wéinst de gudde Recetten ass d’Scholdelach momentan ok, mee sollt d’Konjunktur abriechen, kéint sech d’Bild séier änneren. De Buergermeeschter sot och dat déi nächst Majoritéit wuel méi kleng Bréidercher bake misst. Des Majoritéit huet vill a grouss Projeten aus Steng a Beton investéiert. Déi nächst Majoritéit wäert et, wat d’Sue betrëfft, méi schwéier kréien.

Mir begréissen d‘Moossnamen ëffentlech Gebaier a Stand ze halen an datt dobäi ökologesch, nohalteg Aspekter respektéiert ginn! Et ass awer bedauerlech, datt de Schoulcampus Béiweng/Bierchem iwwer 30% méi deier gëtt. Mir stelle fest, datt d‘Gemeng vill an de soziale Wunnengsbau investéiert. Esou kréie manner bemëttelt Stéit zwar ënnert d Äerm gegraff mee dat geet oft net duer, si brauchen och sozial Ënnerstëtzung z.B. bei der Kannerbetreiung. De Précoce zum Beispill funktionéiert net optimal. Klasse mat 20 Kanner sinn ze grouss, d’Kanner vum Precoce dierfen net mam Bus matfueren, obwuel dat an anere Gemenge geet. Doduerch gewinnen sech d’Kanner an d’Elteren drun mam Auto an d’Schoul ze fueren. D‘Précoce Kanner dierfen net an d Maison relais, dat ass sozial ongerecht, si hätten doduerch och d‘Méiglechkeet fréi Lëtzebuergesch ze léieren.

Mir als gréng Partei sinn iwwerzeegt, datt et fir d‘Ëmwelt, de Klima an eng liewenswäert Zukunft absolut erfuerderlech ass, Energie ze spueren, ob erneierbar Energien ze setzen an eis Mobilitéit ze änneren. Dofir si mir och onzefridde mat der Visioun, der Prioritéitesetzung an der Geschwindegkeet mat där d’Majoritéit an de leschte 6 Joer Ëmwelt- a Klimaschutzziler ugaangen ass.

„Ze spéit, ze wéineg, ze lues an net koherent genuch“, beschreift fir eis Gréng am graffe Resumé de Bilan vun dësem Schäfferot am Ëmwelt-, Klima an Energieberäich. Och bei de Vëlospisten ass kee zesummenhänkent Konzept erkennbar. Et sinn isoléiert Moossnamen, wou en plus d‘Poussetten, d‘Hënn, d‘Foussgänger an d‘Vëlosfuerer sech d‘Platz mussen deelen, oder de Vëlo an den Auto. D’Uschlëss tëschent den Uertschaften, a mat den Nopeschgemenge sinn nach net gutt.

Et gouf sécherlech net näischt geschafft; et gouf effektiv iwwerall e bësse gemaach, mee et feelt eis hei un enger klorer Linn an un der néideger Prioritéit. A wéi schonn déi lescht Joer gesot, läit dat sécherlech net just u politeschen Differenzen, mee och zu engem groussen Deel u feelendem Knowhow a feelende Ressourcen um Niveau vum Personal. Mir freeën eis dofir besonnesch, datt fir 2023 endlech déi vun eis laang gefrote Verstäerkung vum Ëmweltservice virgesinn ass. Do stellt sech just d’Fro: Firwat réischt elo, kuerz viru Schluss, beim 6. a leschte Budgetsentworf vun dësem Mandat ?


Eis Equipp fir d’Walen 2023: vlnr Nadine Brix, Dan Michels, Vito Marinelli, David Büchel, Tanja Wagner Fonck, Emilie Gaasch, Thiemo Spielmann, Branka Lukic, Ane Marcussen Erézué, Martin Rudbach, Georges Kieffer, Sasha Weber, Kristin Kornerup