background background

Réiserbann

Martin Rudbach

  • 56 Joer, Peppeng
  • Beruff : Buschauffer (zënter Juni 2019)
  • Famill : 2 Kanner

Meng Passiounen an Interesse:

Ech sinn e Familliemënsch a fille mech an der Gesellschaft wuel. De Vëlo ass meng Passioun: Ech si bei der Vëlo Unioun Esch sou wéi och als Volontaire bei der Flèche du Sud aktiv. Ech sinn och Member vun der Finanzkomissioun an vun der Verkéierskomissioun vun der Gemeng Réiser. Mäin berufflechen Hannergrond ass d’Veraarbechtung vun Plastik. No 36 Joren hunn ech mech entscheed eppes ganz aaneschteres auszeprobéieren, a si Buschauffer ginn. Berufflech wéi privat well ech zum Ëmwelt- a Klimaschutz beidroën, an engagéiere mech dowéinster och schon zanter e puer Joer aktiv bei de Réiser Gréngen.

Ech wëll eng Gemeng déi:

Als ökologesch a gréng denkende Mënsch, geet et mir an éischter Linn dorëmmer, eis Ëmwelt haut a fir d'Zukunft ze erhalen. Verschidde Méiglechkeeten, dëst ze erreeche sinn am Beräich vun der Mobilitéit zum Beispill de Vëlo, de Bus, d'Eisebunn, den Tram an och d'Elektromobilitéit.Ech géing mer wënschen, datt mir zesummen eng Infrastruktur schafe fir eis alldeeglech Deplacementer fir d’Akeef an de Wee op d‘Aarbecht, esou klimaneutral wei méiglech ze gestalten. Des Weeër sollten ouni groussen Opwand an ouni Auto zeréckzeleeë sinn, fir datt och eeler Matbierger déi net sou mobil sinn, dovunner profitéiere kënnen.