background background

Réiserbann

Nadine Brix

  • Conseillère communale, membre de la commission des bâtisses et urbanisme
  • 54 Joer, Réiser
  • Beruff : Professesch an der Architektur am LJBM a Formatrice am ifen Institut de formation de l'Éducation nationale. Zanter 2011 Gemengeconseillère zu Réiser.
  • Famill : 1 Kand

Meng Passiounen an Interesse:

Zesumme mat mengem Mann, menger Duechter an onsen Hausdéieren deelen ech d’Freed an der Natur ze sinn. Als forméiert Architektin interesséieren ech mech besonnesch fir eis gebaute (Em)Welt zu Réiser. Mat vill Freed um Beruff als Enseignante, probéieren ech des Passioun fir nohalteg Architektur menge Baufach-Studenten am Lycée an de Jonken am Fondamental, mat speziell fir si ausgeschafftenem didaktesche Material, mat op de Wee ze ginn. Zënter 2011 schaffen ech aktiv a ville berodende Kommissiounen hei an der Gemeng mat. Fir d'Läscht hunn ech d‘Zesummenarbecht an der Chancëgläichheets- a Sozialkommissioun als besonnesch wäertvoll empfonnt. A menger Fräizäit molen ech immens gäre Biller vun Déieren a maachen Illustratiounen.

Ech wëll eng Gemeng déi:

Virun e puer Wochen sot mir en netlëtzebuergesche Matbierger, dat ons Gemeng fir hien déi schéinste Platz ob der Welt ass fir ze liewen. Hien huet Recht! Dofir ass et fir mech wichteg mech fir ons Liewensqualitéit, ons soziaalt Mateneen an ons natierlech a gebauten Ëmwelt anzesetzen. Ech si säit 2011 Gemengeconseillère zu Réiser a wäert mech och weiderhin dofir engagéieren, dass d'Liewensqualitéit am Réiserbann erhale bleift, a mech doriwwer eraus fir weider sënnvoll an noutwenneg Verbesserungen an de Beräicher Duerfentwécklung, Wunnraumpolitik a Naturschutz asetzen, fir d’Zukunft vun onsem Planéit, fir d’Zukunft vum Réiserbann, fir de Schutz vun der Natur an onser Gesondheet a Liewensfreed!