Sascha Weber

- 46 Joër, Réiser
- Beruff : Attaché à la Direction vun der Congrégation des Sœurs Franciscaines
- Famill : 1 Kand
Meng Passiounen an Interesse:
Meng Interesse gëllen, nieft der philosophescher Literatur, der Relatioun vum Mënsch mat der Natur am Allgemengen. Wann ee mierkt, dass mat der Natur definitiv eppes net méi stëmmt, da muss een dës Relatioun kritesch hannerfroen a pragmatesch Solutioune fannen. Nieft menge Studien an der Philosophie interesséieren ech mech, als eemolege professionelle Pilot, och nach ëmmer fir déi ökologesch Entwécklung innerhalb vun der ziviller Loftfaart. Ech lauschtere gäre klassesch Musek a si Papp vun enger Duechter.
Ech wëll eng Gemeng déi:
Ech well eng Gemeng déi d'Relatioun tëscht dem Mënsch an der Natur méi seriö hëlt, déi am Kader vun hirer Autonomie all déi lokal an déi staatlech Méiglechkeeten notzt fir eis Liewensgrondlagen an eis Liewensqualitéit hei am Bann ze schützen, a fir ökologesch a sozial Mëssstänn séier ze besäitegen. Fir de Problem vun der Anonymitéit, dem Isolement an der Einsamkeet vun eelere Leit ze reduzéieren, ënnerstëtzen ech d’Schafe vun enger Biergerkantin an der Gemeng, eng Platz wou all interesséiert Awunner sech treffen, iessen, zesumme schwätzen a sech austausche kënnen.