background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Réiser Gemengerot vum 17.12.20

(Budget 2020 & 2021) (och publizéiert am BUET 1/2021)

Fir déi Gréng ass et essentiell wichteg, datt d’Gemengen elo kee renge Krisebudget 2021 stëmmen. Et ass gutt ze probéieren nees Normalitéit mat eran ze bréngen. Souwuel psychologesch wéi och wat déi eenzel Prioritéiten ugeet, ass et wichteg aus dem permanente Covid Krisemodus vun 2020 eraus ze kommen. Et dierf awer och net einfach „Business as usual” Politik gemaach ginn. Des Kris ass och eng Chance fir eis och op lokalem Plang méi staark par rapport zu den anere globalen an nationalen Erausfuerderungen opzestellen, déi ebenfalls eis voll Opmierksamkeet brauchen: Klimawandel, Biodiversitéitsverloscht, Logementskris, sozial Ongläichheeten déi klammen,… Fräi nom Motto „Think global, act local“ ass och eis Gemeng an der Flicht!

An der aktueller Kris ass et fir eis awer och noutwenneg zesummen ze stoen, an ze weisen datt mer zesumme besser a méi séier aus der Krise kënne kommen. Alles dat wollte mir mat eisem JO-Vott zum „Krise“-Rectifié 2020 an zum Budget 2021 ausdrécken! Trotzdeem hu mer natierlech politesch Differenzen, grad och a Punkto ökologesch Konsequenz a Vitesse mat där et viru geet. Dofir hunn déi gréng Gemengeréit Nadine Brix an Dan Michels och etlech kritesch Téin an hire Rieden uklénge gelooss.

Mam neie Klimagesetz vun Ufank Dezember huet sech eist d’Land verbindlech Klimaschutzziler ginn, déi et elo gëllt ëmzesetzen: iwwert d‘Hallschent manner Zäregasemissiounen bis 2030 an d’Klimaneutralitéit bis 2050. Hei zu Réiser sinn et deemno dësen an den nächste Schäffen- a Gemengerot déi dëst Ziel mussen erreechen. Mee de politesche Wëllen alleng geet net duer. Ouni déi néideg Expertise a Personal ass eng nei Dynamik am Klima- an am Ëmweltberäich zu Réiser net machbar.

-55% an 10 Joer an -100% an 30 Joer areeche mer net mam aktuelle gemittlechen Tempo. Dofir hu mir de Schäfferot opgefuerdert esou séier wei méiglech op mannst 2 zousätzlech Posten am Klima- an Energieberäich ze schafen an déi 1. Gemeng mat engem Transitiounskoordinator ze ginn! An den 90’er Joren huet Réiser zu de Pionéier-Gemengen am Ëmwelt, Energie an Nord-Süd Beräich gehéiert. Dat ass d‘Dynamik déi mir elo nees brauchen a wou mir nees hiwëllen.

Eng weider konkret Propose am Emweltberäich war eis Motioun fir an Zukunft bei Gemengeprojeten op Isolatiouns-Matrialien wéi Steropor oder Sterodur ze verzichten an hei en nationale Virreider ze ginn. Des Motioun wäert réischt an engem spéidere Gemengerot debattéiert ginn.

Bei de grousse Bauprojeten an Investissementer fält op, dat d’Kockelscheier a Léiweng ze kuerz kommen. Erfreelech ass awer, dat mir verschidde vun onsen Iddien an Ureegungen am Budget erëm fannen.

Z.B een Architekteconcours:
Ufanks krute mer ëmmer eng Ofso wa mer op dess Méiglechkeet higewisen hunn, mee freeën eis elo datt de Schäfferot se schlussendlech 2020 fir de Projet Duerfkär Peppeng mat Erfolleg opgegraff huet.

– Biergerbedeelegung:
déi gréng Réiser setzen sech zanter der Grënnung dofir an, datt d‘BiergerInnen bei wichtegen Entscheedungen aktiv agebonne ginn, an datt och d‘Biergerkommissiounen transparent funktionéieren, mee kruten kaum een oppent Ouer. Am Kader vum Masterplang Hierschterbierg gouf awer en Ufank gemaach, an 2021 soll et zu engem weidere Bierger-Workshop kommen. Mir encouragéieren de Schäfferot an där Optik weiderzemaachen.

– Nopeschfester:
Soubal et erëm méiglech ass onbeschwéiert zesummen ze feieren, schloe mir vir d‘Nopeschfester an onsen Stroossen an Dierfer vu Gemengesäit aus duerch Knowhow an materieller/logistescher Hëllef aktiv ze ënnerstëtzen. Bei eiser formaler Demande am Gemengerot war de Schäfferot allerdéngs ofleenend wat d‘Logistik ugeet. Et freet eis awer, datt zumindest en extra Kredit am Budget steet! Fir eis ass den Investissement an d’Leit méi wichteg, wéi deen an de Beton. Een Invest fir en harmonescht Zesummeliewen tëscht de verschiddenen Nationalitéiten, en Invest a gutt Noperschaftsrelatiounen a fir eng besser Integratioun vun den neie Lëtzebuerger oder Netlëtzebuerger Awunner! An dat selwecht gëllt och tëscht Jonk an Al. Grad elo, no dësem Joer.

Weider Iddien déi mir der Majoritéit dëst Joer ginn hu sinn z.B.:

– D’Veräiner an d‘Veräinsliewen am generelle sollte vun der Gemeng méi aktiv ënnerstëtzt ginn. Net just duerch en neit Veräinshaus, mee och fir d‘Sich no neien Offeren an neie Memberen !Z.B. duerch eng Ëmfro wat d’Hobbyen an d‘Interesse vun de Leit sinn a wat se sech als lokal Aktivitéiten géife wënschen, kéimen wuel etlech pertinent Iddien op d’Tapéit. Am selwechte Kader kéint een och d’Offer u Gemengecoursen erweideren. Firwat net och z.B. eppes am Beräich vun Robotik, 3D-Drockere a Programméieren, Hip-Hop- a Rapmusek, e Geschécklechkeetsparcours (Parkour „Ninja“ fir Jugendlech an Erwuessener) asw.?

– Soulang et pertinent ass, Jonken déi Doheem schlecht Viraussetzungen fir Homeschooling hunn, ubidden an engem Raum an der Gemeng kennen ze schaffen.

– Vill berodend Biergerkommissiounen hunn och viru Corona net gutt fonctionéiert an sinn zum Deel dëst Joer ganz am Virus-Wanterschlof, obwuel et mëttlerweil kee Problem wär se iwwer Videokonferenz ofzehalen. Dat huet och den Online Info-Owend zur Solarenergie/PV gewisen, deen den Dan Michels iwwert d‘Réiser Klimateam initiéiert hat.

Mir wënsche Iech All e gudde Rutsch an d’Joer 2021, dat jidderee gesond bleift a mir dës schwéier Corona-Zäit méiglechst séier hannert eis loossen !