background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 8. Februar 2021

Themen op der Dagesuerdnung ware wéineg bis guer net kontrovers. Z.B. ass et evident, datt mir „Mayors for Peace“ weider ënnerstëtzen. Dofir gi mir Iech hei just Erklärungen zu onse mëndleche Froen a Proposen un den LSAP/CSV Schäfferot.

Chantier, Pedibus & Sécherheet: Am Zesummenhang mat de Chantieren zu Béiweng/Bierchem, an am Speziellen dee vum Schoulcampus, ass et a leschter Zäit zu verschiddene kritesche Situatioune fir d’Foussgänger komm. Besonnesch schwiereg ass et an der Rue du Chemin de Fer, wou oft den Trottoir fir de Pedibus blockéiert ass, well Elteren déi hier Kanner mam Auto an d’Schoul bréngen an do um Trottoir stationéieren. De Schäfferot huet hei schonn e puer sënnvoll Géigemoossnamen ergraff. Mir hunn nach d’Iddie vun enger Pedibus-Sammelstatioun „Kiss & Go“ bei der Gare virgeschloen. Da kéinten d’Elteren hier Kanner do aus dem Auto loossen an des ginn dann vun do aus mam Pedibus déi läscht 100m an’Schoul.

Fir dat d’Foussgänger um Parking Gare e bësse méi sécher sinn, hunn mer virgeschloen de Parking am „Sens unique“ ze maachen. An an der „Rue de Kockelscheier“ hu mer en zousätzlechen Foussgängersträifen an, wéinstens fir Zäit vun dem Chantier, eng Geschwindegkeetsbegrenzung op 30km/h, virgeschloen.

Fir ons Kanner a Jugendlech an Corona-Zäiten besser ze ënnerstëtzen hu mer de Schäfferot gefrot ob et méiglech wär, eng Ëmfro iwwert d’Befannen vun de Jonken, hiren Elteren an dem Léierpersonal ze maachen. Et schéngt ons wichteg, dat jiddereen esou gutt ënnerstëtzt gëtt ewéi méiglech fir psychesch Schiet a schoulesche Leeschtungsooffall ze vermeiden. Och eng Hotline um Gemengenniveau oder eng Permanence fir Aufgaben eraus ze drécken oder bei technesche Problemer géife mir sënnvoll fannen.

Och hu mer eng Rëtsch Bierger-Ufroe gestallt déi un eis erugedroe goufen: Problemer mat Betribs-Camionetten zu Peppeng an engem Wunnquartier, d‘Akkumulatioun vu Bauschutt ronderëm dat aalt Postgebai zu Réiser wat net bautereglementskonform ass, d‘Setzen & Ersetzen vu Stroosseneck-Spigelen op oniwwersiichtleche Plazen, resp. d‘Verschwanne vun engem Spigel um Eck „Rue de la Montagne/Rue de Champs“ zu Crauthem.

Och wollte mer wëssen op d‘Gemeng rezent consultéiert gi wär am Kader vum Projet Hesper Contournement, an op mer Statistiken kéinte kréien zu der Zuel vu Réiser Kanner déi an anere Gemengen an d‘Schoul ginn, notamment a privat Schoulen (z.B. de francophone „Vauban“). Dëst mam Gedanken, datt et wichteg wär ze gesinn op et hei ee wuessenden Trend gëtt, a wa jo, wéivill dat fir eis Gemeng ausmécht. Dat ass wichteg fir eng effikass a proaktiv Integratiounspolitik – hei soll jo den kommunalen Aktiounsplang deemnächst iwwerschafft ginn – an och fir Planung vun de Schoulkapazitéiten.

Dee ganze Rapport vum Februar Gemengerot krut Dir normalerweis an de läschten 3 Deeg mam “Buet” an d’Bréifkëscht. A falls net fannt en hei: https://www.roeser.lu/resources?mode=download&type=pdf…

D’Sitzungen vum Gemengerot kennt der awer och integral als Video nokucken. D’Archiv geet momentan bis Februar 2018: https://video.roeser.lu/

Mir wënschen iech weiderhin eng gutt Gesondheet an ee schéine Weekend.