background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 3. Mai 2021

Ufank Mee stoung eis gréng Propose fir e méiglechst komplette Verzicht op Polystyrène Dämmstoffer bei Gemenge-Bauprojeten (allgemeng bekannt als Styropor/Styrodur) op der Dagesuerdnung.

Et freet eis, datt dës Initiative eestëmmeg vun alle Parteien ugeholl gouf, och wann se schlussendlech leider bësse verwässert gouf: Nieft puer gudden Elementer déi de Schäfferot ergänze wollt, hat d‘LSAP-CSV Majoritéit leider net de Courage fir sech mat engem kloren „mir vermeiden“ ze engagéieren, mee huet op déi méi vague Formulatioun „probéieren ze vermeiden“ bestanen. Trotzdeem ass dëst een Ufank, an domadder e wichtege Schratt a Richtung Verzicht op dëst bëllegt, mee Ëmwelt- a Gesondheets-problematescht Dämmmaterial, a fir d‘Promotioun vu méi nohaltegen ëmweltfrëndleche Dämmstoff-Alternativen. Mir hoffen datt de Schäfferot elo an der Suite tatsächlech Neel mat Käpp mécht a mam gudde Beispill virgeet, an doriwwer eraus och en neit Subsidreglement fir ekologescht Bauen ausschafft fir och d‘Bierger bei hiren Bauprojeten finanziell encouragéiert op Styropor/-dur ze verzichten.

Dëse Plastik-Dämmstoff gëtt aus Pëtrol gemaach, zersetzt sech an der fräier Natur réischt no honnerte vu Joren, an ass eng héich brennbar Substanz déi mat Chemikalien traitéiert gëtt fir manner séier Feier ze fänken. En enthält doriwwer eraus als Basissubstanz Styrène déi iwwer Zäit ausdënste kann an déi 2018 vun der OMS als „warscheinlech kriibserreegend fir de Mënsch“ agestuuft gouf. Iwwer Joerzéngten gouf desweideren eng héich toxesch Chemikalie (BHCD) mat dra verschafft déi ab 2015 europawäit verbuede gouf. Dobäi kennt dann d‘Tatsaach, datt deen an de Fassadesystemer verbaute Polystyrène Dämmstoff net ka recycléiert ginn. Polystyrène Dämmstoffer sinn deemno eng Zäitbomm, wäit ewech vum Prinzip vun enger Circular Economy, a gehéieren fir eis net a modern, nohalteg a wunngesond Gebaier.

E weidere flotten a wichtege Punkt war d‘Nr° 6. Hei ass et em M-Boxe fir Vëloen gaangen, a virun allem ëm en Accord mat der CFL fir hiere Carsharing System „Flex“ och hei an der Réiser Gemeng unzebidden. Dës Statioun, déi zum Zäitpunkt wou der dëst liest wuel scho um Parking vis-à-vis vun der Gemeng funktionéiert, gesi mir als wichtege Schratt fir eng méi nohalteg a méi flexibel Mobilitéitsoffer fir eis Awunner. D‘Méiglechkeet, sech punktuell esou ee Flex-Auto kennen auszeléinen, ass sécherlech keng Léisung fir jiddereen, mee dës Carsharing Léisungen erlaben et awer ëmmer méi Leit a Stéit op en eegenen Auto ze verzichten, respektiv op de Kaf vun engem zousätzlechen Auto. Dëse Mentalitéitswiessel an der Gesellschaft kënne mer heimadder ënnerstëtzen.

Obwuel et sech beim ugebuedenen Auto an enger 1. Phase net em en Elektroauto handelt, begréisse mir des nei Méiglechkeet, an invitéieren Iech vun dëser flotter Offer ze profitéiere fir datt se nach weider ausgebaut ka ginn. Mir denken do z.B. un eng weider Statioun bei der Gare. Mir haten dës Iddi scho viru Joren am Gemengerot an an de Bierger-Kommissiounen ugeschwat, a si frou dat ons Gemeng elo ob dëse Wee geet.

Bei de mëndleche Froen hu mer nees ganz verschidden Themen opgegraff. Mer hunn z.B. drop opmierksam gemaach, dat verschidde Feldweeër fir Foussgänger net méi gutt ze benotze sinn, well se duerch en Zonk mat pickegen Drot verspäert ginn. Mir wollte mat Bléck op déi nei Carsharing Offer wëssen wou d‘Gemeng mam Choix vun enger Vëlo-Sharing Léisung drun ass (Vel‘oh System oder deen aus dem Süden), an hunn awer insistéiert, datt fir eis awer prioritär d‘Vëlospistennetz an eiser Gemeng muss verbessert ginn. Mir wollten zousätzlech Infoen zu engem Vëloswee-Projet vum neie Stadion aus Richtung Kockelscheier. A mir wollten ebenfalls wëssen op de Schäfferot schonn – wéi vun eis am Dezember proposéiert – decidéiert hätt zousätzlech Mataarbechter am Ëmwelt/Klima/Transitiounsberäich anzestellen (…leider nach net), an och op et deemnächst eng Neioplo vun der Poubelle-Konschtaktioun mat de Schoulkanner géif ginn, well etlech vun deene virun puer Joer bemoolte Poubellen mëttlerweil ofbliederen oder verbleecht sinn.