background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 14. Juni 2021

Am Juni huet de Réiser Gemengerot sech parteiiwwergräifend mat enger symbolescher mee wichteger Aktioun solidariséiert. Genee wéi vill aner Gemengen, gouf och eis Gemeng als „LGBTIQ Fräiheetszon“ deklaréiert. Dëst Aktioun, déi net nëmmen een Zeechen géint Homo- an Transphobie setzt, mee doriwwer eraus fir ALL d‘Bierger:innen eis Wäerter vun Oppenheet, Toleranz, Gläichberechtegung a Schutz vun de Grondwäerter an de Mëttelpunkt stellt, ass inspiréiert vun engem änleche Vott am EU Parlament am Mäerz 2021, wou d’ganz EU zu enger LGBTIQ Fräiheetszon deklaréiert gouf – speziell och als Reaktioun op d’Ausruffe vun „LGBTIQ-fräien Zonen“ a Polen.

Falls iech des Ofkierzung vläicht net esou geleefeg ass: se steet fir d’englesch Wierder Lesbian, Gay, Bisexual, Transgender, Intersex a Queer (Questionning), a regroupéiert domadder déi grouss Diversitéit am Beräich vu sexueller Orientatioun nieft der Heterosexualitéit an och vun der Geschlechts-Identitéit.

Fir de Rescht gouf et nieft Votten zu enger Rëtsch Notairesakten, Verkéiersreglementer an dem Kontenofschloss vum Budgetsjoer 2020 vun der Gemeng, virun allem och nach d’Thema Schoul, mat der Schoulorganisatioun 21/22, dem Plan d’Encadrement Périscolaire an dem Schoulentwécklungsplang 2021-2024.

Hei hu mir drop higewisen, datt am Evaluatiounsrapport steet, datt de Kontakt an d’Koordinatioun tëscht Schoul a Maison Relais däitlech verbesserungswierdeg wär. Mir hunn nogefrot, wat de Schäfferot gedenkt hei ze maachen. Eng vun onse laangjärege Fuerderungen ass heibäi, datt d’Maison Relais onbedéngt misst als Observateur an der Schoulkommissioun vertruede sinn, well all Froen, Virschléi oder Problemer mat Bezuch zur MR soss ni kennen en Presence vun all Säit debattéiert ginn.

Bei de mëndleche Froen hu mir als Gréng nogefrot wat et Neies a Punkto Masterplang Hierschterbierg géif an op dëst Joer nach ee Biergerbedeelegungs-Workshop wär. Och wollte mer wëssen wou de Wandradprojet vu Sudwand drunn ass. De Buergermeeschter rechent hei spéitstens fir d‘Freijoer mam Ufank vun den Aarbechten zu Peppeng.

Beim neie „Klimapakt 2.0“ – en neie Klima-Aktiounsprogramm fir d‘Gemengen – hu mir gefrot fir d‘Klimaschutzstrategie vu Réiser méi ëffentlech ze diskutéieren, dem Gemengerot den neie Programm, mee virun allem och de Startzoustand (Point de départ) ze presentéieren, fir dann zesummen iwwert d‘Strategie, d‘Richtung an d‘Vitesse vun eise lokalen Efforten am Klimaberäich ze diskutéieren, an de Gemengerot reegelméisseg iwwert d‘Fortschrëtter ze informéieren. Méi präzis hate mir och gefrot op de Schäfferot et géif weiderhi fir néideg fannen, datt Photovoltaik-Anlage fir Sonnestroum eng Baugeneemegung bräichten. D‘Äntwert war Jo, obwuel et net an all Gemeng de Fall ass.

Mir hunn e Kompliment gemaach fir déi flott nei Panneauen um Bësch-Léierpad zu Krautem, mat der Bemierkung datt se awer fir Kanner bëssen ze héich hänken an op een do net kéint nobesseren. An och déi nei Holzcloture beim Krautemer Weier hu mer ugeschwat déi zwar ganz flott ass, mee wou kleng Kanner elo net méi gutt driwwer gesinn.

Mir wëssen, wat et mat deem seltsamen Tuerm net wäit vun der Gare op sech hätt: datt ass de Kamäin vun der zukünfteger Holzhackschnitzelanlag. A wat d’Hënnere vu Camionnetten ugeet, beim ale Schapp direkt riets virun der Bréck fir vun Réiser iwwert de Bann op Kockelscheier, wou een Betrib Fënstere stockéiert, huet d‘Gemeng drop verwisen, datt leider keng Geneemegung fir dës Notzung néideg wär.

A schlussendlech huet de Buergermeeschter eis Iddi opgeholl fir eventuell e Schëld mat den erlaabten Aktivitéiten beim Parking vum Herchesfeld opzestellen. De Schotterparking virum Herchesfeld gëtt nämlech ëmmer méi fir Fräizäitaktivitéiten genotzt (z.B. ferngesteiert Autoen, Pilotage vun Drohnen, …) wouvunner eenzeler awer verbuede sinn (wéi z.B. Quadfueren). Duerch e Schëld mat de Reegelen wär de Visiteure dann zumindest klor wat erlaabt ass a wat net…

Gutt ze wëssen: D’Gemengerotssitzunge gi gefilmt a kommen dono op de Site vun der Gemeng fir datt all Interesséierte se ka kucken. Déi vum 14. Juni fannt der hei: https://video.roeser.lu/v/rzhmncfZWN(