background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 19. Juli 2021

Am Juli hat den Gemengerot een zimmlech laangen an diversen Orde du jour esou datt mer hei just déi puer wichtegst erausgräifen.

Beim Punkt 2.2 huet et sech ëm ëm de Kaf vun enger Terrain-Parcelle um Hierschterbierg gehandelt, wou d‘Gemeng en vue vum Amenagement vun dësem Areal een Terrain kaaft huet. De Buergermeeschter huet eis erkläert, datt een en Vue vun der Realisatioun vum Masterplang Hierschterbierg mam Staat een Accord fonnt huet souwuel iwwert een Eenheetspräis wéi iwwert wéi een Acteur wéi eng Terrainen iwwerhëlt. D‘Proprietären kennen vun engem däitleche Steieravantage op der Plus Value vum Terrainsverkaaf profitéieren, wa se elo am Virfeld un d‘ëffentlech Hand verkafen. Mir fannen dës Approche gutt, well et wichteg ass, dat d‘ëffentlech Hand den zentralen Acteur bei dësem Projet ass, an net d‘Promoteuren a grouss privat Proprietären.

Desweideren goung et dës Kéier och ëm den neie Kontrakt mat der Valorlux fir d‘Sammlung vun de bloe Säck mat zousätzleche Verpakungszorten, em eng PAP- an zwou PAG-Modifikatiounen, ëm d‘Festsetze vun den Hebesätz fir d‘Grondsteier a fir d‘Gewerbesteier, ëm déi nei Statuten vu Minett-Kompost, ëm de Gebrauch vun de Réiser Finanzreserven am Kader vum Pacte Logement, ëm d‘Peppenger Kierch, an och nees ëm eng Konventioun mat enger Privatpersoun fir d‘Planzen an den Ënnerhalt vun Uebstbeem op hirem Terrain. Hei si mer als Gréng Réiserbann besonnesch frou, datt eis Propose ugeholl gouf fir am Kader vun esou Konventiounen och auszehandelen, datt net nëmmen op chemesch-syntheetesch Pestiziden beim Uebst an bei de Beem verzicht gëtt, mee op dem ganzen Terrain. Mir hunn an dem Sënn och der concernéierter Madamm an der Sitzung e grousse Merci ausgedréckt, datt si bereet war mat op dëse Wee ze goen.

Ënnert dem Punkt 9 hu mer iwwert den Numm fir eng nei Strooss op der Kockelscheier ofgestëmmt: d’Rue Simone Veil. D’Madame Veil ass eng wichteg Persoun aus der Franséischer Politik, eng Symbolfigur fir de Kampf em d’Fraerechter zanter si Mëtt de 70er Joen d’Gesetz iwwert d’Aféieren vum Schwangerschaftsofbroch duerchgesat hat an spéider déi éischt Presidentin vum direktgewielten Europaparlament gouf. Virun allem huet si awer och eng Shoah Vergaangenheet a war mat hirer Famill kuerz no hirem BAC Examen op Auschwitz deportéiert ginn.

Bei de mëndleche Froen hu mir als Gréng nees eng ganz Rëtsch Punkten nogefrot déi dir am Compte Rendu noliesen kënnt . Déi wichtegst war heibäi d‘Nofro op Basis vu Reklamatioune vu besuergte Bierger, wat de Schäfferot kéint ënnerhuele fir d‘Baueren an eiser Gemeng drop hinzeweisen, datt se do wou hir Felder direkt direkt un Haiser oder privat Gäert stoussen, mat Sprëtz- an Düngemëttel besonnesch mussen oppassen an eng Sécherheetsdistanz sollen anhalen fir datt dës Dünger a Pestiziden net op der Terrasse oder an de Gäert vun de Leit landen, wou z.B. kleng Kanner an och Hausdéieren se séier an de Mond gestach an ofgeschléckt hunn, an d‘Leit och a Bezuch op hiert d‘Geméis veronséchert sinn. Zu Crauthem krute mir Fäll erzielt, wou d‘Düngerkugelen bis widder d‘Fënstere vum Haus geflu sinn, an wou een Hond krank gi war.

Vergiesst net: D’Gemengerotssitzunge gi gefilmt a kommen dono op de Site vun der Gemeng fir datt all Interesséierte se ka kucken. Déi vum 19. Juli fannt der hei: https://video.roeser.lu/v/VRYqLUaocp