background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 7. Februar 2022

Soziale Wunnengsbau zu Peppeng: Dee gréissten an deierste Punkt um ODJ war dës Kéier de Projet “Bei der aler Schoul” zu Peppeng. Als gréng war ons kloer, dat e schlechte Projet dee sech net un déi historesch Duerfstruktur an de lokale Patrimoine géif upassen, Peppeng fir ëmmer verhonzen géif! Dowéinst hate mir d’Majoritéit gedirängelt, en Architekteconcours ze lancéieren. An deen huet sech gelount! Dëse Wunnengsbau- projet erfëllt net nëmmen héichwäerteg architektonesch an urbanistesch Krittären, mee och wichteg sozial an ökologesch Aspekter. Dat alt Schoulgebai (1953) gëtt net ewéi dat zu Bierchem ofgerappt, mee renovéiert an als wäertvolle Patrimoine an de Projet integréiert. Et ginn ausserdeem intergenerationell an och rollstullgerecht Wunnengen ugebueden. D’Gebaier passen sech dem bestoenden Duerfbild ob eng zeréckhalend a modern Aart a Weis un an schafen en neien Duerfkär mat engem klengen zentrale Park als “Lieu de rencontre” fir nei an „al“ Awunner. Och ökologesch goufen vill Efforte gemaach, vun nohaltegen an ökologesche Bautechniken a -materialien, iwwer Grénganlagen a Vëlosinfrastruktur bis zur Reewaassernotzung, nohalteger Heiztechnik an der Produktioun vu gréngem Stroum mat Solarzellen. Och eiser Propose fir e konsequente Verzicht op Styropor/Styrodur bei kommunale Projeten gouf Rechnung gedroen. Am Ënnerscheed zum Schoulcampus Bierchem gëtt et dofir eng “Bonne Note”!