background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 28 März 2022

Déi meeschte Punkte hunn méi administrativ wéi politesch Entscheedunge betraff: Konventiounen iwwert d‘finanziell Bedeelegung 2022 vum Staat fir Club Senior, Maison Relais, Crèche, Jugendhaus an Office Social, Griewer-Konzessiounen, Notärsakten, Budgetsännerung, Verkéiersreglementer, Personalgestioun. E gudde Mount nom Ugrëff vu Russland op d’Ukrain stoung dëst Thema awer am Zentrum.

Krich an der Ukrain: Och am Réiserbann gouf séier reagéiert a fläisseg gehollef, sief et mat Saach- a Geldspenden a Spendesammelungen oder mat vill perséinlechem Engagement bis hin zur Opnam vun éischten ukrainesche Leit bei sech doheem. E grousse Merci fir Är Solidaritéit! De Schäffen- an de Gemengerot hunn eng Ukrain-Resolutioun ugeholl a sech Gedanken iwwer weider Hëllefsmoossname gemaach. Et geet drëms esou schnell ewéi méiglech, de geflüchte Leit zumindest provisoresch – an dono och méi laang – Wunnraum zur Verfügung ze stellen. Dofir ass de Schäfferot op der Sich no engem Terrain wou d’Konditioune kéinte passe fir entspriechend Wunnméiglechkeeten ze amenagéieren oder ze bauen. Bei dëser Geleeënheet nach eng Kéier e waarmen Appell un d’Besëtzer vun eidele Wunnengen an Haiser, fir dëss – z.B. a Partnerschaft mam Office Social – fir sozial an humanitär Zwecker temporär un d’ëffentlech Hand ze verlounen!

Neie Stroum fir d‘Gemeng: Wéinst den héijen Energiepräisser an enger Faillite an Holland konnt d’Lëtzebuerger Stroumfirma EIDA ab Dezember leider kee grénge Stroum méi liwweren, an och eis Gemeng huet en neie Fournisseur misse fannen. Mir haten direkt Drock gemaach, datt d’Gemeng op alle Fall nees sollt en ekologesche Choix treffen, an net just de bëllegste Stroumfournisseur raussichen. Och wann de Schäfferot eis dat am Dezember nach net zu 100% wollt zousoen, stelle mer fest, datt se sech elo fir grénge Stroum vu “SUDenergie” entscheet hunn – an dat als éischte Client. Dat ass déi fréier “SUDGAZ”, déi neierdéngs och erneierbare Stroum produzéiert, keeft a verkeeft, an déi an ëffentlecher Hand ass 😊 14 Südgemengen, dorënner Réiser).

EU Charta fir d’Gläichstellung vu Fra a Mann am kommunale Liewen: Bei dësem Punkt vum Ordre du jour ass et em e Kontrakt mat enger Persoun gaangen, déi d’Gemeng soll beim Ëmsetze vun der Charta zur Gläichsetzung vu Fraen a Männer ënnerstëtzen. D’Gläichstellung vu Fraen a Männer ass an onsen Aen eng Selbstverständlechkeet, mee leider nach laang net ëmmer an net iwwerall de Fall. D’Charta verflicht eis Gemeng elo en Aktiounsplang auszeschaffe fir dës, zum Deel haart erkämpfte Rechter, an der Praxis ze garantéieren a wieder ze entwéckelen.

Mëndlech Froen:

Vëlo Coupe Scolaire: Et kann ee feststellen, dat et ëmmer méi Kanner ginn, déi net gutt oder iwwerhaapt net Vëlo fuere kennen. Verschiddener hunn och kee Vëlo oder kee verkéierstaugleche Vëlo. Dowéinst hunn mer de Schäfferot ugereegt fir am Virfeld vun der Coupe scolaire, wou et em d’Reegelen am Verkéier geet, eng Mise en conformité vun de Kannervëloen duerch d Gemeng ze maachen. E Vëloscours soll ausserdeem Kanner déi nach net Vëlo fuere kennen, hëllefen et ze léieren. Och sollt een sech Gedanken doriwwer maache wéi Kanner déi nach kee Vëlo hunn zu engem kéimen. Besonnesch wichteg sinn dës Iwwerleeungen an Zesummenhang mat der Iddie vum “Vëlosbus” mat deem d Kanner an d’Schoul kéinte fueren als Alternativ zum Pedibus. An dem selwechte Kontext hu mer och nogefrot wou eis Gréng Decisiouns-Propose dru wär, fir de Kaf vu Second-Hand Vëloe finanziell ze ënnerstëtzen.

Contournement Hesper: Mir wollte wëssen op de Schäfferot „à ce stade“ wëlles hätt en Avis zu de verschiddene Variante vum Hesper Contournement ze maache wat e méiglechen Impakt op Réiser ugeet. Dat ass awer fir déi aktuell Varianten-Diskussioun net geplangt.

LED Stroosseluuchten: Op eng Dezember-2020 Fro hat de Schäfferot eis geäntwert, datt se nach géife préiwe wéi a wou een déi nei LED-Beliichtungen an der Nuecht kéint dimmen. 15 Méint dono wollte mer wësse wou se mat dëser Energiespuermoossnam dru wären, et gëtt awer kee Fortschrëtt bis elo.

Naturschutz/SICONA: Den Naturschutzsyndikat Sicona, wou Réiser Member, ass, huet e ganz flotte Programm lafen, deen „Natur genéissen“ heescht, a wou et em regional, bio, fair a gesond Liewensmëttel fir d’Betreiungsstrukturen/Kantinnen vun de Membergemenge geet. Mir goufe gewuer, datt Réiser hei leider net dobäi ass, mee datt se awer Gespréicher mam Sicona wëllen ophuelen. An och zu den Aktivitéiten déi de Sicona fir Kanner a Jugendlecher a speziell fir d’Schoulen ubitt – z.B. Schoulgaart Gestioun – wollte mir Neiegkeeten hunn.

De Resumé vun all de Froen (an den Äntwerten) fannt Dir am Sëtzungsrapport op de Säite virdrun, oder och am originale Wuertlaut am Video vun der Gemengerotssitzung (28/03/22): https://video.roeser.lu/v/EvrYAhzDnI