background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 2. Mee 2022

ËMWELT- AN NATURSCHUTZ – Positiven Avis fir Naturschutzgebitt: Well grad den Naturschutz schonn ëmmer zu de grénge Kärtheme gehéiert, freeë mir eis ganz besonnesch, datt de Réiser Gemengerot déi vum Ëmweltministère proposéiert national Naturschutzzone “Daerebësch-Waal-Helléngerbësch“ op Réiser, Beetebuerger an Diddelenger Terrain eestëmmeg ënnerstëtzt. De verstäerkte Schutz vun dëse Bëscher, Graaslandschaften a Weiere wäert och zum Erhalt vum Liewensraum vu ville Vullenaarten, Fliedermais an Amphibienaarte bäidroen, an en ekologesche Korridor Richtung Zoufftgen soll d’Verbindung zu de Bësch- a Schutzgebidder op franséischer Säit hierstellen, an de wëllen Déieren
e bessere Passage erméiglechen. Dëst ass e klengen mee wichtege Schratt fir den Ëmwelt- an Naturschutz an eiser Géigend. Et geet eis dobäi net just em de Schutz vun den natierleche Ressource fir déi heideg Awunner. Esou Naturschutz Moossname si virun allem och fir eis Kanner an Enkelkanner wichteg, fir hinnen eng méiglechst intakt Natur an eng liewenswäert Zukunft ze hannerloossen.

BLACKBOX GEMENGE-SYNDIKAT – Kaum Informatiounen zur Syndikats-Aarbecht: Mir haten der LSAP-CSV Majoritéit per Motioun proposéiert, de Gemengerot méi reegelméisseg iwwert d’Aktivitéite vun den interkommunale Syndikater ze informéieren, an domadder souwuel d’Aarbecht vun dese Syndikater méi visibel ze maachen, wéi och d’Aarbecht vun de Réiser Vertrieder. All Vertrieder kritt nämlech fir seng Participatioun un de Syndikatssitzungen méi oder manner grouss Opwandsentschiedegungen an deels Congé politique. Dofir wär et fir eis nëmmen normal, datt eis Réiser Vertrieder (Lëscht ënner: https://bit.ly/3MW9BU1) de ganze Gemengerot ab und zu iwwert d’Aktivitéiten an d‘Pläng vun de Syndikater sollten informéieren. Hei geet et em ganz vill Geld an em Servicer déi eis Biergerinnen a Bierger ganz direkt betreffen (Waasser, Ofwaasser, Offall, Recycling, Schwäm, …) a wou de Gemengerot bis ewell awer just eemol am Joer beim Budget dierf iwwert d’Käschten/Membersbeiträg ofstëmmen. Et dierf een als Gemengerot zwar u Sitzunge vu Syndikater deelhuelen, mee keng Froen stellen oder d‘Wuert ergräifen, an och wa mer laut Gesetz sämtlech Sitzungs-Rapporten vun de Syndikats-Komiteeë misste kréien, ass dat an der Praxis lang NET de Fall, esou datt souguer e minimale Suivi am Gemengerot de facto onméiglech ass. D‘LSAP-CSV Majoritéit war hei zwar ganz ganz schlecht drun, mee huet eis Propose awer trotzdeem ofgeleent. Enttäuscht huet eis virun allem, datt keen ee vun de betraffene Gemengeréit, déi fir Réiser a Syndikater setzen, et fir néideg fonnt huet eppes zu eiser Propose ze soen.

MËNDLECH FROEN: Bei de mëndleche Froen hu mer nom Energieaudit gefrot, deen am Kader vum Klimapakt muss gemaach ginn, an dee weise wäert wou eis Gemeng aktuell mat hiren Efforten am Klima- an Energieberäich drun ass, an e Verglach mat anere Gemengen erméiglecht. Eng aner Fro war zum Stand vun der ugekënnegter Buslinn vun der Cloche d’Or erop op d’Kockelscheier an d’Industriezon Parc Luxite, déi fir d’Fréijoer annoncéiert war.

Weider hu mer no Planungen fir eng weider Vëlospiste gefrot, duerch de Zoning zu Léiweng, lanscht de Supermarché. Mir hunn de Schäfferot awer och felicitéiert datt Réiser scho bei der leschter anti-gaspi Aktioun „Giele Band“ fir Uebstbeem dobäi war, an se opgefuerdert dëst Joer méi Reklamm fir des Kampagne ze maachen a virun allem d’Platzen bekannt ze maachen wou déi Uebstbeem stin wou d’Leit kennen fräi plécke goen. Op eis „technesch“ Fro nom konkreten Inhalt vun de villen Kommodo Dossieren fir Ännerungen u Mobilfunkmasten – z.B. op et fir de 5G wär – krute mer en Absence vum Buergermeeschter leider keng direkt Äntwert.

GEDENKEN UN DEN ÉIEREBUERGERMEESCHTER: Zum Doud vum fréiere Buergermeeschter an Éierebuergermeeschter Arthur Sinner, drécke mir Famill, Frënn a Bekannten ons häerzlecht Matgefill aus, a soen him hei e leschte Merci fir seng Aarbecht a säin Engagement fir ons Gemeng.

De Resumé vun all de Froen (an den Äntwerten) fannt Dir am Sëtzungsrapport op de Säite virdrun, oder och am originale Wuertlaut am Video vun der Gemengerotssitzung (2/05/22): https://video.roeser.lu