background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 13. Juni 2022

Op der Dagesuerdnung stungen des Kéier etlech Notairesakten zur Regularisatioun vun Terrainverhältnisser, Morcellementer vu private Grondstécker, puer Finanzpunkten, provisoresch Verkéiersreglementer, Personalfroen, asw. Niewt dem décksten Dossier vun dësem Gemengerot, der Schoulorganisatioun, huet eist besonnescht Interessi engem Notairesakt gegollt, wou et em en Terrain-Tausch tëscht der Gemeng an engem Bauer gaangen ass, a wou mir als eenzeg Partei am Gemengerot dogéint gestëmmt hunn.

Tausch vu Grondstécker (BEP géint HAB-1) zu Krauthem: Den Notairesakt hält den Tosch vun 3 Grondstécker vun enger Bauere-Famill géint 1 Grondstéck vun der Gemeng fest.
D’Gemeng krut 2 Parzelle niewt der Schwemm plus eng laang Sträif laanscht de Krautemer Kierfecht, ob deenen awer laut Bebauungsplang (PAG) als BEP aklasséiert ass an dofir just ëffentlech Gebäier an Equipementer hei dierfe gebaut ginn. Et ass also keen normale Bauterrain an de Proprietaire hätt dee souwisou net un e private Promoteur verkaf kritt. Op desem Terrain goufen mëttlerweil dei nei Tennisterrainen gebaut. Souwäit sou gutt… Als Géigeleeschtung krut de Bauer alleréngs vum LSAP-CSV Schäfferrot e flotten Terrain direkt vis-à-vis vum Tennis, deen am PAG als normale Bauterrain (HAB-1) aklasséiert ass. Dofir ass dësen Terrain fir eis och däitlech méi wäert, och wann e méi kleng ass wéi dei 3 Parzellen déi d’Gemeng krut. Mir fannen desen Tausch net favorabel fir d’Gemeng an hunn dogéint gestëmmt. An Zäite vun Logementsmangel an explodéierden Immobiliepräisser sollt eng Gemeng keen wäertvolle Bauterrain aus der Hand ginn, mee selwer fir ëffentlechen a bezuelbaren Wunnraum suergen.

D’Schoulorganisatioun 2022-23: d’Schoulorganisatioun ass dës Kéier besonnesch komplizéiert gewiescht, well se geprägt ass vum verspéitenen Opgoe vum neie Campus Bierchem/Béiweng, am Laf vum nächste Schouljoer, an dem uschléissende Wiessel vun zousätzleche Klassen op Bierchem fir dann deen alen Deel vun der Krautemer Schoul kennen nei ze maachen. Des Aarbecht huet eng komplex Virplanung a Reflexioun iwwert de konkreten Oflaf erfuerdert a wäert dat bis zum Betrieb vum neie Campus (+/- Ufank 2023) och nach weider maachen. Dofir soe mir alle Bedeelegten e grousse Merci fir hier wäertvoll Aarbecht! Ervirsträiche wéilte mir hei nëmmen e puer Saachen

  • d’Gemeng huet a weider Tabletten investéiert fir datt bal all d’Schoulkanner vum nächste Joer un mat dësem neie Medium schaffe kann. Eng digital Tablett ersetzt ni eng gutt Léierpersoun a hire gudden Unterrecht, mee se erméiglecht et awer e.a. den Unterrecht méi anschaulech, interaktiv a multimedial ze gestalten, manner Pabeier ze benotzen an d’Kanner ob eng ëmmer méi digital Welt virzebereeden.
  • All Léierpersoun kritt e Beruffs-Laptop deen op de schoulinterne Reseau oofgestëmmt ass, a souwuel Sécherheets- wéi och Dateschutzproblemer duerch privat Computer verhënnert, an dem Léierpersonal seng alldeeglech Aarbecht erlichtert.

Mëndlech Froen:

  • Mir hunn ons beim Schäfferot verséchert dat an Zukunft genuch Vëloparkplazen ob den 2 Schoulsitte wäerten zur Verfügung stoen, a begréissen et dat op all Campus een Deel Vëlostellplaze wäerten iwwerdeckt sinn.
  • Ob ons Fro wéi ee mam Vëlo am sécherste bei d’Krauthemer Schoul kéim, krute mir leider keng richteg Äntwert. Mir waren ons all eens, dat d’Rue des Sacrifiée immens geféierlech ass wéinst dem Busverkéier, de parkenden Autoen an der schmueler Strooss. Mir hunn drop higewisen, dat de Schäfferot sech misst doriwwer Gedanke maachen iert et zu engem trageschen Accident kennt.
  • Et hunn e puer Leit ons dorop opmierksam gemaach, dat an der Rue des Sacarifiés, tescht Schwemm a Schoul, landwirtschaftlech Gefierer emmer nees de falsche Wee duerch de Sens unique erof fueren. Dat ass net nëmme verbuede mee och ganz geféierlech well direkt bei der Schoul an der Spillplaz / Parc Kolla. Mir hunn de Schäfferot opgefuedert ze kucken datt do méi streng kontrolléiert/protokolléiert gëtt.
  • Fir d’zweet maache mir de Schäfferot dorop opmierksam, datt vill Spadséiergänger sech opreegen, datt zu Réiser e Bauer schon nees de Feldwee tescht senge Felder ënnerbrach huet, fir se uerch e Passage mateneen ze verbannen an seng Béischte do laafen ze lossen. Mir hunn de Schäfferot gefrot ob de Péchert/Bannhidder do schon intervenéiert huet?

De Resumé vun all de Froen (an den Äntwerten) fannt Dir am Sëtzungsrapport op de Säite virdrun, oder och am originale Wuertlaut am Video vun der Gemengerotssitzung (13/06/22): https://video.roeser.lu