background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 18. Juli 2022

FLEX-CARSHARING: Am Juli krute mer déi éischt Jores-Statistiken zum Carsharing System zu Réiser. De Buergermeeschter huet erkläert, dat de Flex-Auto, deen um Parking virun der Réiser Gemeng steet, a vun interesséierten Awunner.inne punktuell kann ausgeléint ginn, 244 mol benotzt gouf, mat Tendenz no uewen! Dat ass erfreelech, well dat weist datt Dir des Formel interessant fannt an unhuelt. De Carsharing kann e privaten Auto net nëmme punktuell ergänzen, mee idealerweis souguer ersetzen, respektiv et erlaben op een zousätzlechen Auto fir de Stot ze verzichten, a domadder vill Suen ze spueren, genee wéi och d’Parkplaz no bei der Hausdier. Mir freeën eis, datt de Schäfferot ob ons Ureegung hin op de Wee vum Flexauto gaangen ass, a plädéiere fir méi esou Statiounen an eiser Gemeng, an och fir en Elektroauto-Modell. Dat wär e weidere klengen nohaltege Schrëtt.

SYNDIKATS-KONTROLL & TRANSPARENZ: E Punkt deen ausféierlech beschwat gouf, waren d’Schwieregkeete mat der politescher an administrativer Kontroll vum SIGI (Syndicat Intercommunal de Gestion informatique), a wou all d’Gemengen ausser d’Stad betraff sinn. Een Deel vum Problem läit fir eis doranner, datt an de GemengerotsSitzunge quasi ni, a scho guer net am Detail, iwwert d’Gemengesyndikater, hier Projeten, Decisiounen an eventuell Problemer geschwat gëtt, an d’Ëffentlechkeet (also Dir) nach manner gewuer gëtt. Dofir hate mir scho virum SIGI Skandal, dem Schäffen- a Gemengerot d’Propose gemaach fir méi reegelméisseg an detailléiert iwwert déi Syndikater ze schwätzen wou Réiser Member ass – d.h. och, mee net just iwwert de SIGI. Den 2. Mee hate mer awer och nogefrot firwat mir vun etleche Syndikats-Sëtzunge keng schrëftlech Rapporte kréien, obwuel d’Gesetz dat virschreift. Mir kruten deemools awer verséchert, méi Diskussiounen zu de Syndikater
wären net néideg, an eis Propose gouf ofgeleent. Réischt elo, wou et beim SIGI net just „dämpt“, mee scho „brennt“, hunn de Buergermeeschter an de Réiser Vertrieder am SIGI erkläert, wat an der läschter SIGI Sitzung beschwat an decidéiert gouf, dat d’Réiser Gemeng onzefridde wär mat den Déngschtleeschtunge vum SIGI, datt och vun Onreegelméissegkeeten a Personal-Mobbing riets wär, an elo onofhängeg Auditte gemaach géifen. Dëse Fall bestätegt deemno op ganzer Linne eis Fuerderung fir méi reegelméisseg Diskussiounen zu den Aktivitéite vun de Gemenge-Syndikater.

KAF VUN 2 HAISER: Mir begréissen, dat de Schäfferot vun der Méiglechkeet profitéiert huet fir zwee eidel Haiser, quasi vis-à-vis vum Gemengenhaus, ze kafen. Mir sinn der Meenung dat eng Gemeng, déi Wäitbléck huet, a sech et finanziell erlabe kann, onbedéngt esou Immobilie mat Potential fir d’ëffentlech Hand kafe muss. Vu der Lag a vun der Gréisst vun den Terrainen hier bidden sech hei vill Méiglechkeete fir d’spéider Notzung: administrativ, Sozial- a Flüchtlingswunnengen, Vergréisserung vum Parking wat Terrain hannert der Gemeng géif fräi maachen, asw.

KAF VU AKERLAND: De Schäfferot krut d’Méiglechkeet ronn 244 Ar landwirtschaftlechen Terrain net weit vum Herchesfeld ewech fir 250.000.- € ze kafen. Och wann d’Gemeng keng direkt Verwendung dofir huet, mécht et sécherlech Sënn eng Reserve un Terrainen unzeleeën, fir gegebenefalls Stécker mat private Proprietäre kënnen ze tauschen. Well Waasser- a Stroumversuergung bei dësem Terrain schon do sinn, fanne mir awer och d’Iddi vun engem Gemeinschaftsgaart, déi mir scho laang an onsem Walprogramm hunn, gutt.

MËNDLECH FROEN:
Felicitatioune fir ons jonk Vëlosfuerer.inne vun der Coupe scolaire (Cycle 4) fir hier gutt Leeschtung an der Elterevereenegung fir d’Organisatioun! National gesinn, kënnen awer ëmmer manner Kanner gutt oder iwwerhaapt Vëlo fueren, hunn deelweis kee Vëlo, oder e Vëlo deen net adaptéiert oder onsécher ass. Dofir hu mir dem Schäfferot onst Uleies nach emol virgedroe fir mam neie Sportsbeoptragte vun der Gemeng Coure fir d’Kanner ze organiséieren. Hei sollen d’Kanner net nëmme gutt Vëlofuere léieren, mee och léiere wat e verkéiersséchere Vëlo ausmécht.

D’Pécherte kruten nei Befugnisser iwwert e Gesetz. Mir hunn de Schäfferot gefrot, ob si sech schon iwwerluecht hunn, wéi dës Erweiderung bei de Réiser Agents municipaux wäert ausgesinn. Si wäerten ons dozou Réckmeldung ginn, esoubal sinn sech doriwwer eens sinn.

De Resumé vun all de Froen (an den Äntwerten) fannt Dir am Sëtzungsrapport op de Säite virdrun, oder och am originale Wuertlaut am Video vun der Gemengerotssitzung (18/07/22): https://video.roeser.lu