background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 3. Oktober 2022

Mat >3h30 war dës Sitzung quasi déi längsten zanter de Walen 2017. Hei eis 5 Haaptpunkten:

Energiespuer-Mesuren: Zur Verwonnerung vum Schäfferot hu mir géint hier Resolutioun iwwert Energiespuermesure fir d’Gemeng Réiser gestëmmt. Se war vill ze vill vage, ouni präzis a contraignant Moossnamen ausser zur Raumtemperatur (déi all d‘Gemengen applizéieren), ouni Reduktiounszil, ouni Deadline bis wou een d‘Zieler wëll erreechen, an ouni Schätzung wat déi puer Pisten (z.B. Heiztemperatur erofsetzen) als Erspuernes bréngen. D’Regierung hat d’Gemenge schonns de 5. August opgefuerdert wéinst der Energiekris schnell zousätzlech Mesuren a Punkto Energiespuere bei Gas, Mazout, Diesel, Bensinn, Stroum, asw. ze huelen. Dem Gemengerot 2 Méint dono eng Energiespuer-Propose, ouni Zilsetzung, Deadline a chiffréiert Mesure virzeleeën, war fir eis dofir inakzeptabel.

Gemengewalrecht fir d‘Nët-Lëtzebuerger: Am Juli gouf d‘Gemengewalgesetz moderniséiert an d‘Net-Lëtzebuerger Matbiergerinne kënnen elo méi einfach un de Gemengewalen deelhuelen. Si kréien d’Gemengewalrecht ab dem Dag vun der Umeldung zu Lëtzebuerg, mee fir dovunner kënne Gebrauch ze maachen, mussen si sech op der Gemeng an d’Wielerlëscht aschreiwen. Als Gréng hate mir dem Schäffen- a Gemengerot dofir per Motioun proposéiert direkt aktiv ze ginn, d‘Net-Lëtzebuerger Matbierger iwwert déi nei Reegelen ze informéieren, a si ze motivéieren sech als Wieler anzeschreiwen, a grad och bei der Umeldung op eiser Gemeng. D’Majoritéit deelt eis Zilsetzung, mee et gouf Differenze bei de Moossnamen. D’Decisioun gouf reportéiert an en Avis vun der Integratiounskommissioun gefrot.

Bezuelbare Wunnraum: Am Kader vum Wunnéngsbaupakt 2.0, muss d‘Gemeng dem Logementsministère en Aktiounsprogramm („PAL“) eragi fir méi bezuelbaren an nohaltege lokale Wunnraum. Am PAL steet deemno wou a wéi d’LSAP-CSV Majoritéit méi ëffentleche Wunnraum schafe wëll, a wéi se do eng gutt Liewensqualitéit areeche wëll. Mir Gréng ënnerstëtzen d’Ziel fir méi bezuelbaart Wunnen, hunn eis beim PAL awer wéinst falschem Fokus enthalen. Dem Schäfferot viséiert den „Hierschterbierg“ tëscht Bierchem/Béiweng an der Aire de Berchem, an de „Widdem“ am Ausgang vu Réiser Richtung Alzeng (laanscht de Feldwee beim Aussiidlerhaff/Reitstall). De Widdem wollt de leschte Schäfferot schonns 2015/16 an de PAG ophuelen, mee huet wéinst dem negativem Avis vum Staat missen drop verzichten. Mam Alibi-Argument datt se wéinst dem Ukrain-Krich do Flüchtlings-Logementer kéinte bauen, ass de PAL just en neien Ulaf fir awer do kënnen ze bauen. Nieft Konflikter mam Landschafts- an Naturschutz, ass de Widdem och urbanistesch fragwürdeg an d‘Ubannung un den ëffentlechen Transport an un déi zentral Funktiounen (medezinesch Versuergung, schoulesch Infrastrukturen, Commerce) ass net optimal. Den Hierschterbierg huet par contre e flott Potential wann en attraktiv a schlau geplangt gëtt, net ze grouss gëtt, a gutt un d‘Gare ugebonne gëtt.

30’er Zone fir d’Groussgaass: Beim Projet vun der neier Groussgaass mat 30’er Zone virun der Gemeng hu mer eis „just“ enthalen, well een Deel vun de Kritikpunkten net der Gemeng geschëlt ass, mee de Reegele vun der Stroossebauverwaltung, speziell déi reduzéiert Längt vun der 30’er Zone. Eisen Haaptkritikpunkt betrëfft awer dat schlecht Konzept fir Vëloen a Foussgängerinnen. Et gouf sech leider alt nees fir dat „suboptimaalt“ Konzept vum eesäitegen Trottoire mixte (wéi tëscht Réiser a Béiweng) entscheet wou Vëloen, Pédélecs, e-Trottinetten, Jogger, Poussetten, Foussgänger, Muppen an der Léngt, asw. sech vermëschen. An dofir ass et och quasi on­méiglech fir de Vëlo-Angebotssträife vun der Haaptstrooss (bei Police/Bäcker) propper eriwwer an d‘Grand-Rue ze féieren.

Reamenagement vun der ‚Place de la Grève Nationale‘ zu Réiser: Am Moment gëtt d‘Platz virun der Réiser Kierch duerch ganz ënnerschiddlech Gebaier bestëmmt an d’architektonesch Diversitéit ass grouss. E Reamenagement ass noutwenneg, mee mir bedaueren, dat nieft dem Verschwanne vun eenzelen ale Beem et hei verpasst gouf, der Platz eng konkret Funktioun zouzeweisen a mat gestaltereschen Elementer eng Eenheet tëscht de Gebaier hierzestellen, zemools wou d‘Strooss virdrun och nei gemaach gëtt. Mir hunn ons enthalen.

E Resumé vun onsen mëndleche Froen (+ Äntwerten) fannt Dir am Sëtzungsrapport op de Säite virdrun, an am originale Wuertlaut am Gemengerots-Video vum 3.10: https://video.roeser.lu