background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 14. November 2022

Am November waren direkt 2 Decisiouns-Proposen vun eis um Ordre du jour, déi d’LSAPCSV Majoritéit awer alle beid oofgeleent huet:
(Leider) Nach ëmmer kee Vëlo-Subside fir Second Hand a fir kleng Akommes: Ennert dem Punkt 1.3 gung et em eis Propose fir den aktuelle Gemenge-Subside fir de Vëlo-Kaf op dee Modell ze adaptéieren, deen mir ursprünglech schon am Mee 2019 virgeschloen haten. Deemools war d’Majoritéit awer just d’accord fir de Kaf vun neie Vëloen ze subventionnéieren, an net – wéi vun eis proposéiert – och de Kaf vu Second-Hand Vëloen iwwer offiziell Geschäfter. Eis Second-Hand Propose, genëe wéi eis Sozial-Propose fir eng méi héich Subventioun fir Leit mat niddregem Akommes, huet d’Majoritéit elo am November awer op en neits mat de selwechten Argumenter (administrativen Opwand an Angscht viru Mëssbrauch) oofgeleent wéi 2019, an dat obwuel d’Gemenge Beetebuerg a Suessem zanter 3 Joer esou Subsiden hunn an et kee Problem gett. Fir eis ass dat en neie Beweis, datt et dem Emwelt-Service vun der Réiser Gemeng um néidege Personal feelt an dem Schäfferot un der néideger Visioun. Gutt ass awer, datt sech d’Gemeng elo un de Beetebuerger Vëlo Second-Hand Marché dru gehangen huet, an deen elo oofwiesselnd och fir Réiser organiséiert gëtt.

(Keng) Grouss Kampagne zum Gemengewalrecht fir d‘Nët-Lëtzebuerger: Mam Gesetz vum 22. Juli 2022 gouf d’Walrecht fir d’Gemengewalen och op déi Nët-Lëtzebuerger ausgeweit déi manner wéi 5 Joer am Land wunnen. All Nët-Lëtzebuerger Bierger kritt elo mat senger Umelldung op der Gemeng och do d’Walrecht. Fir vun dësem Recht kënne gebrauch ze maachen, muss déi Persoun sech awer offfiziell an d’Wielerlëscht aschreiwen, an ennerläit da wéi all Wieler der Walpflicht. Well dëst eng grouss a wichteg Ännerung och fir Réiser ass, hu mir Enn Oktober proposéiert fir direkt eng Sensibilisatiouns-Kampagne ze starten, d’Nouveaux Arrivants bei hierer Umelldung iwwert hiert Walrecht ze informéieren, d‘Ëffnungszäiten vun der Gemeng am Virfeld vun de Walen unzepassen, asw. Obwuel mir heimadder, laut dem Buergermeeschter, oppen Diren beim Schäfferot géifen arennen, hat d’LSAP-CSV Majoritéit eis Propose op den Dezember verréckelt fir nach kënnen een Avis vun der Integratiounskommissioun ze froen. Eis Enttäuschung war deemno grouss, wéi eis Propose elo 1) ouni Avis vun der Integratiounskommissioun zum Vote koum, an 2) se einfach ouni konstruktiv Ännerungsproposen verworf gouf, well eng Rëtsch vum Schäfferot sengen Iddië géife feelen, an se eenzel Iddië vun eis géife net géifen deelen.

Zoustand vum Réiser Gemengebësch: Wéi all Joers huet de Fierschter den aktuellen Zoustand vum Gemengebësch erkläert an d’Projete fir 2023 virgestallt. Wéi schonn déi läscht Joeren leiden onse Bësch leider staark ënnert der zouhuelender Dréchent. D’Folge si geschwächte Beem déi ëmmer méi ufälleg fir Krankheeten, Parasitten an Insekte ginn. Déi al Beem déi et net méi packen, gi vum Fierschter senge Leit no an no ewech geholl. Wéinst dem Klimawandel wäerte wuel verschidde net resistent genuch Bamaarten, wéi d’Bichen, lues a lues aus eise Bëscher verschwannen. Fir de Bësch ze erneiere, ginn méi robust Baamzorte geplanzt an och méi Baamzorte gemëscht. A fir déi nei jonk Beemercher géint verschidden Déieren ze schütze, ginn holze Gittere ronderëm gesat. Dem Fierschter a senger Equipe e grousse Merci fir déi gutt a wäertvoll Aarbecht!

Nei Subside fir erneierbar Energie Produktioun an Energiespueren: Fir den Emwelt- an Energieberäich ass dëst dat wichtegst Subside-Reglement vun eiser Gemeng, mee leider war et scho ronn 10 Joer laang net méi iwwerschafft ginn. Mir sinn deemno frou, datt de Schäfferot eiser Opfuederung vun Dezember 2021 endlech nokoum, an dest Reglement u déi aktuell Zäit ugepasst huet. Wat manner Energie am Stot verbraucht gëtt, wat manner Energie muss produzéiert ginn, an dat reduzéiert och den Ausstouss vun Zäregasen. Och erneierbar Energië wéi Solarenergie oder Wandenergie droen dozou bäi, si méi ëmweltfrëndlech wéi Kuel, Gas oder Atomstroum a kënnen zum Deel um eegenen Daach installéiert ginn. Mir hunn dëse Punkt matgestëmmt, well des Upassung méi wéi iwwerfälleg war. Réiser mécht domadder zwar keng energiepolitesch Echappé, mee ass zumindest nees am Peloton. Et ass och flott, datt eis Propose aus der Emweltkommissioun fir privat e-Bornen ze subventionéieren schlussendlech och akzeptéiert gouf.

E Resumé vun onsen mëndleche Froen (+ Äntwerten) fannt Dir am Sëtzungsrapport op https://roeser.lu, an am originale Wuertlaut am Gemengerots-Video vum 14.11: https://video.roeser.lu