background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 12. Dezember 2022

An der 1. Dezember Sitzung waren nieft der Presentatioun vum Budget nach vill weider administrativ a politesch Punkten um Ordre du jour. Am Haaptdeel krute mir eng gutt Stonn laang Erklärungen zum Budget rectifié 2022 an zum Budget 2023, iwwert deen de Gemengerot dann an der 2. Dezember Sitzung, 3 Deeg dono, diskutéiert an oofstëmmt. Eis Positioun zur Gesondheet vun de Gemengefinanzen zum politeschen Inhalt vum Budget fannt dir dofir réischt an der Stellungnam zur Sitzung vum 15.12.

Bezuelbare Wunnraum / Pacte Logement 2.0:

Beim Punkt 2.1 hu mir ons enthalen, well dëst Dokument un de Programme d’Action Local (PAL) fir bezuelbaren an nohaltege Wunnraum gekoppelt ass, mat dem mir am Oktober wéinst gudden Usätz mee falschem Fokus och net d’Accord waren. De Schäfferot viséiert mam PAL den Aménagement vum „Hierschterbierg“ tëscht Bierchem/Béiweng an der Aire de Berchem, an de „Widdem“ am Ausgang vu Réiser Richtung Alzeng (laanscht de Feldwee beim Aussiidlerhaff/Reitstall). De Widdem wollt de leschte Schäfferot schonns 2015/16 an de PAG ophuelen, mee huet wéinst dem negativem Avis vum Staat missen drop verzichten. Mam Alibi-Argument datt ee wéilt Flüchtlings-Logementer wéinst dem Ukrain-Krich do bauen, ass de PAL, an eisen Aen, just en neien Ulaf fir awer do kënnen ze bauen. Nieft Konflikter mam Landschaftsan Naturschutz, ass de Widdem och urbanistesch fragwürdeg. Den Hierschterbierg huet par contre e flott Potential wann en attraktiv a schlau geplangt gëtt, net ze grouss gëtt, a gutt un d’Gare ugebonne gëtt, mee fir eis feelt et nach u konkreten Iddië fir e richtegen Ecoquartier.

Just nach 47% vum Sportkooordinator:

De Réiser Sportkoordinator war bis elo als „temporäre“ Pilotprojet mam Sportministère finanzéiert ginn. Fir dese Posten elo awer langfristeg oofzesécheren, gouf sech mat den Nopeschgemengen Fréiseng, Réiser a Weiler op eng Zesumenaarbecht geenegt. Mir begréissen dëss langfristeg Sportoffer, och wa Réiser elo just nach 47,6% vun de Stonnen ze gutt. Se riicht sech u Kanner tëschent 0 an 12 Joer a soll hier motoresch Entwécklung ënnerstëtzen.

Experiment Biergerbudget :

De Schäfferot huet elo fir dee läschet Budget virun de Walen een interessant Experiment vun der Diddelenger Gemeng kopéiert. Et geet hei em eng Enveloppe vun 100.000 Euro déi d’Gemeng an hierem Budget 2023 reservéiert a wou d’Awunner – inklusiv Jugendlech ab 14 – kennen Projeten kënnen proposéieren wéi dëss Suen solle genotzt ginn.

D’Biergerbedeelegung ass fir eis en Uleies, dat mir als Gréng an all Budgetsried virdroe säit et ons zu Réiser gëtt. Well bis elo huet d’Biergerbedeelegung zu Réiser éischter aus Info-Versammlunge bestanen, wou d’Bierger iwwert quasi fäerdeg Projeten informéiert goufen.

Dëst Experiment fir en 100.000 Euro Biergerbudget stellt deemno e grousse Fortschrëtt a Punkto Biergerbedeelegung duer. Allerdéngs mierkt een och nach op puer Punkten d’Mësstrauen vum Schäfferot fir dem Bierger Entscheedungen ze iwwerlossen, well d’Spillregele vum Réiser Biergerbudget dach e Krack méi restriktiv si wéi déi vum Diddelénger Original. Obwuel et deemno nach Spillraum no uewe gëtt, ass dëse Biergerbudget e Schratt an déi richteg Richtung, dee mir ënnerstëtzen.

De Resumé vun all de Froen (an den Äntwerten) fannt Dir am Sëtzungsrapport op https://www.roeser.lu/ an am originale Wuertlaut am Video vun der Gemengerotssitzung vum 12.12.2022: https://video.roeser.lu