background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 6. Februar 2023

LOKALEN ATOM-NOUTFALLPLANG:

Fir déi 1. Gemengrotssitzung vum neie Joer, hate mir Gréng am Virfeld eng Réi Froen eraginn zum lokalen “Atom”-Noutfallplang vun der Réiser Gemeng, a speziell zur Gestioun vun de Jodpëllen, déi am Noutfall eis Awunner solle virun der Konzentratioun vu Radioaktivitéit an der Schilddrüs schützen, an déi zanter puer Joer un all Biergerinnen a Bierger mussen ausgedeelt ginn.

Allerdéngs konnt de Schäfferot eis an dëser Sitzung nach net op all Froen eng Äntwert ginn, an huet proposéiert dëse Punkt réischt am nächste Gemengerot ze behandelen. Et ass fir eis e wichtege Sujet, well d‘Gemeng Réiser ganz no un de 4 Atomreakteren vu Cattenom läit, an et besser ass, esou gutt et geet op all Eventualitéit virbereed ze sinn, wéi just drop ze hoffen, datt an enger FR Atomzentral schonn näischt passéiere wäert.

PLANG FIR MEI CHANCEGLÄICHHEET:

De „Plan d‘action à l’égalité“ gouf vum Gemengerot eestëmmeg ugeholl, well all Partei dëss Ziler deelt. Dese Plang – deen op eng Initiative vum Changegläichheetsministère (LSAP) zeréckgeet – geet wäit iwwert d’Promotioun vun der Chancegläichheet tëscht Fra a Mann eraus, a viséiert och ganz generell d’Chancegläichheet an de Beräicher Schoul, Kannerversuergung, Sport, Soziales-Solidaritéit, LGBTIQ+, Händicäp, Integratioun, Logement, Jonk & Aal, Sprooch, Biergerbedeelegung, politesch Partizipatioun, asw. Deen dorauser enstaanenen Sammelsurium un ënnerschiddlechen Ziler ass an eisen Aen awer gäichzäiteg och de Schwaachpunkt. Mir Gréng hu vidru gewarnt, datt elo esouvill Verschiddenes an dese Plang gepak gouf, datt d’Erreeche vun den Zieler éischter méi schwéier wéi méi liicht gett.

Grad am Beräich vun der Integratioun an dem Zesummeliewen huet d‘Gemeng awer schons een Aktiounsplang, deen iwwert de „Pakt vum Zesummeliewen“ vum Familjen- an Integratiouns-Ministère (DP) leeft. Déi zwee Pläng iwwerschneiden sech elo staark, goufen awer net vun de selwechte Leit/Biergerkommissiounen ausgeschafft. Onoofhängeg vun de Ziler, déi jo jiddereen.t am Gemenegrot deelt, muss et elo awer drëmms goen clever an efficace Moossnahmen ze huelen, fir dess Zieler och ze ereechen. Hei ass elo all Partei a Punkto Gemengewalprogramm – an den nächste Schäfferot fir d‘Emsetzung – gefuedert.

KLIMA-BÜNDNIS GEMENG:

De Gemengerot huet eestëmmeg déi nei Konventioun tëscht der Gemeng Réiser an dem Klimabündnis Lëtzebuerg ugeholl. D‘Klimabündnis ass een europäescht Netzwierk vu Stied a Gemengen dat et schons iwwer 30 Joer gett, a wou elo d’Zieler nei definéiert goufen. Mat dëser Konventioun viséiert d’Réiser Gemeng elo eng Reduktioun vun 95% vun den Zäregas-Emmissiounen tëscht 1990 an 2050. Een Haaptziel vum Klimabündnis ass awer och d’Solidaritéit mam globale Süden fir grad och deene Länner ze hëllefen, déi de Klimawandel als éischt ze spiere kréien, an awer selwer am mannsten dru Schold sinn. Dat sin Zieler fir déi mir Gréng eis zu Réiser scho laang engagéieren, an den LSAP-CSV Schäfferot regelméisseg opfuedern eng méi aktiv, kohärent an engagéiert lokal Klimapolitik ze maachen, well eis Gemeng kéint an desem Beräich Haut schon däitlech méi wäit sinn.

De Resumé vun eise mëndleche Froen (an den Äntwerten) fannt Dir am Sëtzungsrapport (https://www.roeser.lu), an den originale Wuertlaut am Video vun der Gemengerot vum 06.02.2023: https://video.roeser.lu