background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 27. März 2023

ATOM-NOUTFALLPLANG:

Scho fir de Februar-Gemengrot hate mir eng „Schrëftlech Fro“ eraginn zum lokalen “Atom”-Noutfallplang vun der Réiser Gemeng, a speziell zur Gestioun vun de Jodpëllen, déi am Noutfall eis Awunner solle virun der Konzentratioun vu Radioaktivitéit an der Schilddrüs schützen, an déi zanter puer Joer un all Biergerinnen a Bierger mussen ausgedeelt ginn. Dat ass fir eis Gréng e wichtege Sujet, well eis Gemeng ganz no un de 4 Atomreakteren vu Cattenom läit, an et besser ass, esou gutt et geet op all Eventualitéit virbereed ze sinn, wéi just drop ze hoffen, datt an enger FR Atomzentral schonn näischt passéiere wäert. Op de Säite vidrun, am offizielle Bericht vun der Sitzung, fannt dir d‘Äntwert vum Schäfferot. Den Noutfallplang selwer ass leider als confidentiell agestufft an dierf net publizéiert ginn, mee de Gemengerot krut en awer ze gesinn.

SUBSIDE VUM STAAT:

De Staat ënnerstetzt eis Gemeng beim Betrib vun wichtegen Strukturen. Dofir stungen dëss Kéier eng ganz Rëtsch Konventioune mam Staat zur Oofstëmmung, mat Subventioune fir de Club Senior, d’Jugendhaus, d’Crèche, d’Maison Relais an d’Veräinshaus. Mir hunn déi matgestëmmt.

NATUSCHUTZ AKTIOUNSPLÄNG:

Am Kader vum Naturpakt mam Emweltministère huet d’Gemeng sech verpflicht méi Efforten am Emwelt- an Naturschutzberäich ze maachen (www.pactenature.lu). De Ministère proposéiert de Gemengen hei e Moosnamenkatalog mat 6 Beräicher, wou d’Gemengen sech da mussen hier Prioritéiten raussichen an emsetzen. Hiere Fortschrett gett periodesch vum Staat kontrolléiert a mat Prozentpunkte bewert, esou datt een d’Gemengen ka vergläichen. D’Aktiounsproposen vum LSAP-CSV Schäfferot hunn als zentral Axe natierlech d‘Zesummenaarbecht mam Natuschutzsyndikat Sicona an hieren Experten, wat gutt a wichteg ass, mee an eisen Aen awer net duergeet. Der proposéierter Naturschutzstrategie feelt et fir eis un Detailer a Zäitpläng an och u méi déifgräifenden Mossnahmen. Aner Gemengen aus dem Naturpakt sinn hei scho vill méi wäit. Wärend Réiser Mëtt Januar 2023 grad mol 28% vun de Punkten kritt hat, ass Beetebuerg Ufank Mäerz scho bei iwwer 63% ! Mir hunn déi proposéiert Aktiounspläng matgestëmmt, well se noutwenndeg a sënnvoll sinn, mee mir sinn der Meenung, datt deen nächste Réiser Schäfferot, no de Walen am Juni, déi ganz Naturschutzstrategie nach eng Kéier muss iwwerschaffen.

REISER, ENG SECHER PLAZ FIR FRAEN:

Bei dësem Beschloss gung et dorëms sech als Gemeng solidaresch ze weise mat Fraen déi haislech Gewalt erliewen. Gewalt egal ob kierperlech, psychologesch, ekonomesch oder sozial ass keng Fatalitéit. Dëst betrëfft zwar an dësem symbolesche Beschloss d’Frae mee et kënnen och Kanner a Männer betraff sinn. Et geet drëms dat d‘Opfer aus hirer Isolatioun eraus kommen, an sech trauen sech matdeele fir Hëllef ze kréien. Och als Zeie kann een e wichtege Bäitrag leeschten, wann een net ewech kuckt. Mir hunn dëss Resolutioun selbstverständlech matgedroen.

De Resumé vun onse mëndleche Froen (an den Äntwerten) fannt Dir am Sëtzungsrapport op https://www.roeser.lu/, oder och am originale Wuertlaut am Video vun der Gemengerotssitzung (27/03/23):  https://video.roeser.lu/v/pJKFIwfLmy