background background

Réiserbann

Gemengerot vum 20. März 2017 - Den neie Schoulkomplex zu Bierchem/Béiweng

Den Haaptpunkt vum Gemengerot war d’Ofstëmmung iwwert de Bau vum neie Schoulkomplex zu Bierchem/Béiweng. Wéinst der Gréisst, dem Käschtepunkt an der Alldagsfunktioun wäert dëse Projet d’Gemeng op Joerzéngten prägen. déi gréng hun als eenzeg Partei mat Nee gestëmmt. Hei drënner erkläre mir Iech firwat :
Prinzipiell ënnerstëtzen déi gréng d’Iddi vun engem neien Schoulkomplex well dëst ob laang Dauer natierlech noutwenneg ass. Mat enger klenger Tréin am Aen denke mir ewer och un dat historescht Schoulgebai, wat vill Réiserbänner nach vu fréier, oder méi rezent wéinst hire Kanner kennen, dat ofgerappt gëtt. Och d’Kombinatioun vun de Funktiounen « Schoul, Maison relais an Education différenciée » an engem eenzege Gebai, ass eng ganz nëtzlech a praktesch Léisung. Trotzdem hu mir mat nee gestëmmt :
1) Mir sinn enttäuscht, datt d’Gemeng net puer verschidden Architekturkonzepter an Iddien analyséiert huet, mee sech ob een eenzegen Entworf begrenzt huet! Et geet jo em e ganz laangfristegen, groussen an deiere Projet. Als gréng hätte mir gären am Virfeld méi Biergerbedeelegung an e Choix tëscht méi Konzepter gehat. Mir hätten en Architekteconcours organiséiert a bei der Auswäertung net just d’Léierpersonal, mee Iech all, Bierger, Elteren a Kanner, mat abezunn. Bei enger Schoul huet déi gelieften Atmosphär vun der Architektur bannen a
bausse groussen Afloss ob d’Wuel an d’Leeschtung vun de Benotzer. Mir hoffen wierklech, datt dës feelend Pluralitéit un Iddien an u Biergerbedeelegung net och bei der Entwécklung vum Hierschterbierg zur Regel gëtt.
2) Den Avant-Projet deen de Schäfferot ons zur Ofstëmmung virgeluecht hat, ass zwar net aussergewéinlech schlecht, mee ewer ouni Innovatioun. D’Gestaltung vun de Fassaden erënnert éischter un en administratiivt Gebai oder e Musée, ewéi un e Gebai dat fir Kanner konzipéiert ass. Dëst gëllt esouwuel wat d’Faarwen, d’Formen an d’Materialien wéi och d’Architektursprooch am generellen ugeet. Och sinn déi bei enger Schoul wichteg Fräifläche « just » Reschtflächen an net an d’Konzept agebonnen.
déi gréng hätte gären e Konzept dat ronderëm d’Kanner geduecht ass, dat wesentlech méi op d’Luucht, d’Faarf an d’Akustik als wichteg Gestaltungsinstrumenter ageet, eng zumindest deelweis begréngte Fassade, modulär Andeelunge fir eng dynamesch Pädagogik, individuell Klasseräim mat Identitéitscharakter, stimuléierend a lieweg Bausseräim mat vill Gréngs…